Klassesch oder romantesch Gittar op Concerten ass net all ze heefeg. A genee dofir ass de Lëtzebuerger Gittarefestival fir Jonker an och fir international Artisten eng grouss Plus-value, fënnt den Directeur artistique Hany Heshmat. Mat dobäi ass dëst Joer och dee 15 Joer jonke Charlie McMillan. Hien huet d’lescht Joer den éischte Präis beim Festival des jeunes gewonnen. Am Gespréich mam Opus erkläre si d'Villfältegkeet an d'Méiglechkeeten, déi de Concours bitt.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Gitarrefestival 2026
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann
Episoden
Prix Arts et Lettres geet 2026 un den Dirigent Pit Brosius
Zënter dem Joer 2008 gëtt et de Prix Arts et Lettres vum groussherzoglechen Institut, deen Talenter aus der Kulturzeen zu Lëtzebuerg auszeechent.
Spuenesch Barockmusek mam Ensembel Artemandoline
De Juan Carlos Muñoz gëtt en Abléck an deen neien Album vun Artemandoline.
A capella an de Summer eran
De leschte Concert vun der Maîtrise vun der Kathedral ass an engem besonnesche Kader.
Musek am Schlass, déi bei d’Kuliss passt
Den Initiateur vum Festival alter Musik zu Veianen, de Rosch Mirkes, erzielt wat de Public an dëser Editioun erwaart.
100 Joer Hans-Werner Henze - ee Portrait
Kann een tonal schreiwen an awer zäitgenëssesch komponéieren? Dës Fro spléckt d’Komponistewelt net nëmmen haut, mee zanter den Ufäng vun der Zwieleftoun- an der serieller Musek.
Déi nei Saison vum Orchestre de Chambre du Luxembourg
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, den OCL, huet viru Kuerzem de Saisonsprogramm 2026/2027 presentéiert. Eng Saison, déi ënner der Iwwerschrëft "Trompe l'oeil" steet.
Eng musikalesch Degustatioun
D'Cembalistin Anne-Catherine Bucher proposéiert e Concert mat klengen Häppercher aus dem englesche Barock.
100 Prozent Tschaikowski
Den Orchestre Place de l'Europe dediéiert de Programm vu sengem Concert den 28. Juni just engem Komponist.
E partizipative Gesangsweekend
D’Chorale Muinicpale Sängerbond Diekirch organiséiert e Gesangweekend mat Workshoppe fir jiddereen.
Den Dram als zentrale Gedanken
De Jean-Jacques Mailliet gëtt en Abléck an d'Kompositioun, déi hie fir Nationalfeierdag geschriwwen huet.
Déi 7. Symphonie vum Dmitri Schostakowitsch
Déi "Leningrader" Symphonie ass e Meeschterwierk u subtiler politescher Kritik.
De Georgely 2 mat politesche Lidder
300 Lidder, déi déi gesellschaftlech a politesch Lag vu Lëtzebuerg aus deenen leschten 200 Joer markéieren.
Another Light
De Chouer vun der Uni Lëtzebuerg séngt d'"Dichterliebe" vum Robert Schumann an engem Arrangement fir Chouer.
"Ech muss net Kolleeg mat him sinn"
Dat seet de Regisseur Jacques Schiltz iwwer de Richard Wagner, deem seng Biogaphie hien a Form vun engem Theaterstéck mat all senge Kontroverse presentéiert.
19. Juni: Live-Concert um Opus - Tëschent Idyll an Zerstéierung
Beethoven: Sinfonie Nr. 6 "Pastorale", Brett Dean: Pastoral Symphony, Pasquale Punzo: Archipelaghi insonni (Uropféierung)
"Skitter II" vum Hy-Khang Dang
Éischt Optragskompositioun vun der Luxembourg Philharmonic Academy gëtt uropgeféiert
20. Doudesdag vum György Ligeti
E Komponist, deen aus de Wuerzelen nei Äscht gezillt huet.
Journée de la musique vun der AEM
Dëse Sonndeg, 14. Juni, steet am Parc zu Hesper d’Musek am Mëttelpunkt an dat mat der Journée de la musique vun der AEM, der Associatioun vun der Musekschoule vu Lëtzebuerg.