D’Mandolinn ass en Instrument mat enger laanger Traditioun, déi bis an de Barock zeréckgeet. Mee wéi bréngt een dëst klassescht Zupfinstrument der jonker Generatioun vun haut bäi? Genee dës Fro huet sech d’Mandolinnistin a Musekspedagogin Salima Ben Gui Gui gestalt. Si huet selwer beim Juan Carlos Muñoz studéiert an aus hirer eegener Erfarung eraus huet si zwee nei Léierbicher entwéckelt: Mando a Mando International. Domat wollt si Museksbicher erausbréngen, déi genee sou multikulturell sinn, wéi d’Lëtzebuerger Gesellschaft. An si wollt hire Schüler:innen endlech Bicher ubidden, déi hinnen op eng modern a spilleresch Aart a Weis d’Mandolinn bäibréngt.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Der nächster Generatioun d'Mandolinn méi no bréngen
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart