All Joer ginn d'International Classical Music Awards (ICMA) an der klassescher Musekszeen mat engem grousse Gala-Concert gefeiert. Dëst Joer ass deen den 18. Mäerz zu Bamberg an Däitschland. Den ICMA Classeek Award, e Präis fir jonk Talenter ze fërderen, geet dëst Joer un den Anthony Ratinov. Dee jonken amerikanesche Pianist huet un der Yale University an un der Juilliard School studéiert. Mat nëmme véier Joer fänkt hien u Piano ze spillen, an zwar dank senger Boma, déi deemools extra aus Russland an d’USA geplënnert ass, fir him de Piano bäizebréngen. Viru sengem groussen Optrëtt zu Bamberg verréit hien eis méi.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
"Ech hu gutt Energie an d'Universum gestach a krut se och zeréck"
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
100 Joer Hans-Werner Henze - ee Portrait
Kann een tonal schreiwen an awer zäitgenëssesch komponéieren? Dës Fro spléckt d’Komponistewelt net nëmmen haut, mee zanter den Ufäng vun der Zwieleftoun- an der serieller Musek.
Déi nei Saison vum Orchestre de Chambre du Luxembourg
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, den OCL, huet viru Kuerzem de Saisonsprogramm 2026/2027 presentéiert. Eng Saison, déi ënner der Iwwerschrëft "Trompe l'oeil" steet.
Eng musikalesch Degustatioun
D'Cembalistin Anne-Catherine Bucher proposéiert e Concert mat klengen Häppercher aus dem englesche Barock.
100 Prozent Tschaikowski
Den Orchestre Place de l'Europe dediéiert de Programm vu sengem Concert den 28. Juni just engem Komponist.
E partizipative Gesangsweekend
D’Chorale Muinicpale Sängerbond Diekirch organiséiert e Gesangweekend mat Workshoppe fir jiddereen.
Den Dram als zentrale Gedanken
De Jean-Jacques Mailliet gëtt en Abléck an d'Kompositioun, déi hie fir Nationalfeierdag geschriwwen huet.
Déi 7. Symphonie vum Dmitri Schostakowitsch
Déi "Leningrader" Symphonie ass e Meeschterwierk u subtiler politescher Kritik.
De Georgely 2 mat politesche Lidder
300 Lidder, déi déi gesellschaftlech a politesch Lag vu Lëtzebuerg aus deenen leschten 200 Joer markéieren.
Another Light
De Chouer vun der Uni Lëtzebuerg séngt d'"Dichterliebe" vum Robert Schumann an engem Arrangement fir Chouer.
"Ech muss net Kolleeg mat him sinn"
Dat seet de Regisseur Jacques Schiltz iwwer de Richard Wagner, deem seng Biogaphie hien a Form vun engem Theaterstéck mat all senge Kontroverse presentéiert.
19. Juni: Live-Concert um Opus - Tëschent Idyll an Zerstéierung
Beethoven: Sinfonie Nr. 6 "Pastorale", Brett Dean: Pastoral Symphony, Pasquale Punzo: Archipelaghi insonni (Uropféierung)
"Skitter II" vum Hy-Khang Dang
Éischt Optragskompositioun vun der Luxembourg Philharmonic Academy gëtt uropgeféiert
20. Doudesdag vum György Ligeti
E Komponist, deen aus de Wuerzelen nei Äscht gezillt huet.
Journée de la musique vun der AEM
Dëse Sonndeg, 14. Juni, steet am Parc zu Hesper d’Musek am Mëttelpunkt an dat mat der Journée de la musique vun der AEM, der Associatioun vun der Musekschoule vu Lëtzebuerg.
Feierlech a lokal
Den Ofschloss vun de Festivitéite ronderëm d'Aweiung vum Concertssall Korus