Vun der wonnerbarer Bün un der Costa Brava, wou een d'oppent Mier am Hannergrond gesäit, héiere mir live een exklusive Concert vum Charles Lloyd Quartett. Si spille vill eege Kompositioune vum Saxofonist Charles Lloyd, ënner anerem vu senger Plack "The Sky Will Still Be There Tomorrow", déi am Mäerz 2024 erauskoum, awer och eng Kompositioun vum griichesche Komponist Mikis Theodorakis. Mat dobäi sinn de Jakob Bro op der Gitarr, de Philipp Norris um Kontrabass an den Eric Harland op der Batterie. Presentéiert vum Pol Belardi.
Playlist:
1. Charles Lloyd - Dream Weaver
2. Charles Lloyd - Defiant, Tender Warrior
3. Charles Lloyd - Zoltan
4. Charles Lloyd (Mikis Theodorakis) - Kratisa Ti Zoi Mu
5. Charles Lloyd - Booker’s Garden