D'WDR Big Band huet eng éiweg weider wuessend Lëscht vun illusteren Invitéeën. Fir d'Leverkusener Jazztage 2024 war dat um 16. November de villsäitegen Trompettist Keyon Harrold, dee suwuel am Jazz wéi am Hip-Hop an an der moderner Musek doheem ass. E Repertoire, dee vum Michael Abene meeschterhaft arrangéiert gouf, konnt deen Dag de Public begeeschteren, an dofir wollten de Pit Dahm an de Pol Belardi och dovunner profitéieren, dëse Set mat den Nolauschterer vum radio 100,7 ze deelen.
Playlist:
1. WDR Big Bad feat. Keyon Harrold - TMF Nutzz
2. WDR Big Bad feat. Keyon Harrold – Dat Feelin’
3. WDR Big Bad feat. Keyon Harrold – Foreverland
4. WDR Big Bad feat. Keyon Harrold – The Intellectual
5. WDR Big Bad feat. Keyon Harrold – Beautiful Day
6. WDR Big Bad feat. Keyon Harrold – Lullaby
7. WDR Big Bad feat. Keyon Harrold – The Mugician