De Cully Jazz ass e bekannten a geschate Schwäizer Festival, dee mëttlerweil seng 42. Editioun hanner sech huet. De 5. Abrëll vun dësem Joer stoung do den John Scofield op der Bün, deen am Trio mam Vicente Archer an dem Bill Stewart fir musikalesche Furor gesuergt huet. En immens groovegen an tighte Set, wou eege Kompositiounen a sengem bekannte Stil gespillt goufen, awer och Nummere vum John Coltrane, Miles Davis oder Thelonious Monk.
Playlist:
1. John Scofield - Blue Monk (T. Monk)
2. John Scofield - Funk with Chords
3. John Scofield - F Sharp
4. John Scofield - Little Willie Leaps (M. Davis)
5. John Scofield - Yawn
6. John Scofield - That was Close
7. John Scofield - Naima (J. Coltrane)
8. John Scofield - Kawlinga