Der kënnt jo d‘@-Zeechen (AT-Zeechen) oder Aerobase-Zeechen oder de Klammeraff wéi een och ka soen. Een Zeechen dat ausgesäit wéi en „a“ mat engem Krees ronderëm. Mer brauchen dat Zeechen op mannst emol wann net esou guer e puer Mol den Dag, fir eng E-Mail ze schreiwen, e Bekannten op Insta ze markéieren oder och nach an de sozialen Medien, et ass een vun de stäerksten a bekanntste Symboler an eiser digitaler Zäit.
De Jean Claude Majerus huet sech als Gudd Fro vun haut d’@-Zeechen eraus gesicht a sech gefrot: Wou kënnt d‘@-Zeechen iwwerhaapt hir?