Vläicht hutt Dir Iech jo scho mol gefrot, wann Dir klassesche Ballet gesinn hutt, firwat d’Ballerinaen op de Pointen danzen, also dat heescht op den Zéiwespëtzten danzen, a Balletsdänzer just, wann iwwerhaapt, op hallef Pointen, meeschtens an deene platte Balletsschlappen danzen a mat zwee Féiss fest um Buedem stinn, iwwerdeems d’Dammen op hiren Zéiwespëtzte schwiewen a balancéieren. Fir eng méiglech Explikatioun ze fannen, hëlt de Jean Claude Majerus Iech mat op en Ausfluch an d’Geschicht, d’Physik an d’Anatomie vum Danz.
arrow_back_ios
Gutt Fro
Firwat danze Männer am klassesche Ballet net op Pointen?
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden
Gutt Fro: Firwat frësst d'Wäschmaschinn Strëmp?
Wou verschwannen eis Strëmp nom wäschen, ass eng Fro déi hutt der iech bestëmmt scho selwer gestallt, de Jean Claude Majerus as deem op de Fong gaangen.
Firwat gëtt et Lénksverkéier?
Et ginn eng ganz Partie Länner, an deenen een net op der rietser Säit vun der Strooss fiert. Mee wouhier kennt dat?
Firwat héiere mir eis Stëmm net gär, wa se opgeholl gouf?
Lauschtert der är Stëmm op enger Opnam och net gären? Mà firwat ass dat esou, de Jean Claude sicht Äntwerten an senger Gudder fro vun haut.
Firwat schlofen engem d'Féiss an, de Kapp awer net?
Well mir hunn de Kapp dach dacks a Positioune leien, wou ee sech kéint virstellen, datt dat selwecht géing geschéie wéi beim Fouss oder Been.
Firwat danze Männer am klassesche Ballet net op Pointen?
Déi Gutt Fro vun haut: Firwat danzen am klassesce Ballet Männer praktesch ni Pointen?
Vergeet d'Zäit am Alter méi séier?
Et geet ëm d'Impressioun, déi vill Mënschen hunn, datt an der Jugend Zäit ganz lues vergeet, se am Alter dergéint galoppéiert.
Drénke Fësch oder net?
Hu Fësch iwwerhaapt Duuscht an drénke se och, wa se de ganzen Dag am Waasser sinn.