Et ass eng Melodie déi bal jiddereen erkennt, well se esou markant ass an direkt an d’Ouer geet. Se gëtt meeschtens viru Fussballlännermatcher gespillt, bei den olympesche Spiller all Kéiers wann e franséischen Athlet ganz uewen op der Träppche steet an natierlech all Joer um 14.Juli, dem franséischen Nationalfeierdag. An ëmmer gëtt se mat gesongen: „Allons enfants de la Patrie, le jour de Gloire est arrivé. » Et ass déi franséisch Nationalhymne « La Marseillaise »
Fir eis Rubrik Gutt Fro huet Jean Claude Majerus sech fir haut da gefrot: Firwat heescht déi franséisch Nationalhymne dann „La Marseillaise » ?