arrow_back_ios

Gutt Fro

100komma7.lu / Gutt Fro

/ Gutt Fro: Firwat frësst d'Wäschmaschinn Strëmp?

Gutt Fro: Firwat frësst d'Wäschmaschinn Strëmp?

Lauschteren play_arrow
headphones

6 min

Der erlieft dat heite bestëmmt reegelméisseg, der hutt d’Wäsch gemaach an da wëllt der d’Wäsch falen, dann hutt der natierlech och e ganze Koup Strëmp derbäi an do géif der da gären d’Koppele Strëmp zesumme stiechen an dann ass et alt nees eng Kéier souwäit, et ass op mannst eng Strëmp wou feelt, wéi wann d’Wäschmaschinn all Kéier géif Strëmp friessen. Et ass sécher vun de grousse Rätsele vun der Mënschheet, en universelle Phänomen egal op der elo zu Tokio, zu Brasilia, zu London, zu Paräis oder hei zu Lëtzebuerg sidd, reegelméisseg verschwënnt beim Wäschen eng Strëmp vun enger Koppel, esou datt der hanno e ganze Kuerf voll mat eenzele Strëmp do stoen hutt an dann all Kéiers nom Wäsche geet Gepuzzels nees un, op net vläicht awer Strëmp beienee passen. Dëst ass also wierklech eng gutt Fro déi de Jean Claude Majerus fir haut eraus gesicht huet. Frësst eng Wäschmaschinn Strëmp? Oder gëtt et e Strëmp-Monster an der Wäschmaschinn? Oder gëtt et vläicht e Paralell-Universum fir Milliounen a Milliarden eenzel Strëmp oder ass et awer vläicht nees eng Kéier Technik déi eis eng spillt?

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Gutt Fro: Firwat frësst d'Wäschmaschinn Strëmp?

Wou verschwannen eis Strëmp nom wäschen, ass eng Fro déi hutt der iech bestëmmt scho selwer gestallt, de Jean Claude Majerus as deem op de Fong gaangen.
headphones

6 min

play_arrow

Firwat gëtt et Lénksverkéier?

Et ginn eng ganz Partie Länner, an deenen een net op der rietser Säit vun der Strooss fiert. Mee wouhier kennt dat?
headphones

6 min

play_arrow

Firwat héiere mir eis Stëmm net gär, wa se opgeholl gouf?

Lauschtert der är Stëmm op enger Opnam och net gären? Mà firwat ass dat esou, de Jean Claude sicht Äntwerten an senger Gudder fro vun haut.
headphones

5 min

play_arrow

Firwat schlofen engem d'Féiss an, de Kapp awer net?

Well mir hunn de Kapp dach dacks a Positioune leien, wou ee sech kéint virstellen, datt dat selwecht géing geschéie wéi beim Fouss oder Been.
headphones

6 min

play_arrow

Firwat danze Männer am klassesche Ballet net op Pointen?

Déi Gutt Fro vun haut: Firwat danzen am klassesce Ballet Männer praktesch ni Pointen?
headphones

5 min

play_arrow

Vergeet d'Zäit am Alter méi séier?

Et geet ëm d'Impressioun, déi vill Mënschen hunn, datt an der Jugend Zäit ganz lues vergeet, se am Alter dergéint galoppéiert.
headphones

7 min

play_arrow
Drénke Fësch oder net? | © Pexels / Jamie Elzinga

Drénke Fësch oder net?

Hu Fësch iwwerhaapt Duuscht an drénke se och, wa se de ganzen Dag am Waasser sinn.
headphones

6 min

play_arrow

Firwat stinn d'Buschtawen op enger Tastatur net alphabeetesch? | © Pexels / Pixabay

Firwat stinn d'Buschtawen op enger Tastatur net alphabeetesch?

De Jean Claude Majerus huet sech d'Fro gestallt firwat d'Buschstafen op enger Tastaur net alphabetesch hannertenee stinn?
headphones

6 min

play_arrow