Gewierzer aus aller Welt
Muskot, Muskat, Muscade
5 min

De Muskot kënnt ursprünglech vun de Molukkeninselen an huet scho laang eng fest Plaz an eiser regionaler Kiche fonnt. En harmonéiert extra gutt mat eisem geschmaachsintensive Wantergeméis wéi Spinat, Brockelcher oder Pastinaken. Grad wéi an Zoubereedungen, déi derzou passen, wéi Gratin, Purée oder enger Bechamelszooss.
Pumpkin spice ass eng Mëschung, an där Muskot zesumme mat Kanéil, Ingwer, Neelcheskapp a Piment deen éischter fade Kürbis oppeppt, zum Beispill an enger Quiche oder Zopp.
Et héiert een dacks Muskot wier gëfteg. An enger normaler Dosis, wéi mir en als Gewierz verschaffen, ass do awer kee Risiko
D’Ernärungsberoderin Lis Muller huet gesicht, gericht a geschmaacht an huet e puer wäertvoll Rotschléi zesummegefaasst, wéi Wantergewierzer eist allgemengt Wuelbefanne verbesseren a wéi eng Geschmaachskombinatioune sech ubidden.
Klengen Tipp:
Pumpkin spice latte: Espresso mat Pumpkin spice an e bësschen Zocker vermëschen. 1 Taass Mëllech opgescheimt iwwer en Espresso schëdden, gutt veréieren a genéissen.
Referencen:
https://www.comptoir-des-epices.com
Aggarwal, B. B. (2023). Heilende Gewürze. Narayana Verlag
Farrimond, S. (2018). Gewürze - Aromen kombinieren, kochen, perfektionieren. DK Penguin Random House
Vierich T, V. T. (2017). Aroma, die Kunst des Würzens. Stiftung Warentest
Vierich T., V. T. (2020). Aroma essenziell. Stiftung Warentest
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. (2021). Vun Dréischel bis Kréischel - 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss. ZLS a SCRIPT
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden

Ingwer, Ingwer, Gingembre
Eng Wuerzel mat erstaunlechen Eegenschaften

Neelcheskapp, Gewürznelke, Clou de girofle
E Wantergewierz, dat am beschten zesumme mat anere Gewierzer harmonéiert.

Stärenanäis, Sternanis, Anis étoilé
E Glécksbrénger, deen net nëmmen dekorativ ass.

Muskot, Muskat, Muscade
Duerch d‘Erhëtze verléiert d’Muskotnoss séier den Aroma. Duerfir léiwer frësch, als Noss direkt éier een zerwéiert iwwert d’Iesse reiwen.

Kardamom, Kardamom, Cardamome
Kardamom op gréng oder schwaarz an ass ëmmer en Highlight an der asiatescher Kichen

Vanill, Vanille, Vanille
D'Kinnigin vun de Gewierzer, déi fir gutt Laun suergt.
