Gewierzer aus aller Welt
Kanéil Cannelle, Zimt
5 min
Kanéilsstaange sinn déi gedréchent bannescht Schuele vum Kanéilsbam. Duerch säi wierzegen Aroma, dee wiermt, erhieft en de séisse Geschmaach vun Uebstdesserten an hëlleft esou Zocker aspueren.
Déi lescht Jore si vill Studien iwwer den Afloss vu Kanéil op de Stoffwiessel vum Zocker gemaach ginn, wou et interessant ass se weider ze verfollegen. Kanéil soll och antioxydatif, entzündungshemmend an antibakteriell Eegenschaften hunn.
Niewent dem Ceylonkanéil fanne mir och de Cassiakanéil aus China, dee méi e peffereg battere Geschmaach huet a gären a gehäerzte Plate verschafft gëtt. Cassiakanéil ass räich u Cumarin, dee ka Problemer wéi Kappwéi ervirruffen; duerfir soll een eng bestëmmt Dosis net iwwerschreiden.
Weider Detailer vun der Ernärungsberoderin Lis Muller
Klengen Tipp:
Waarmen Äppeljus Fassong Glühwäin: Am Plaz vu Wäin naturdréiwen Äppeljus opkachen zesumme mat Kanéil, Ingwer, en Neelcheskapp, eng bio-Orangëschuel an e bësschen Zocker
Referencen:
https://www.comptoir-des-epices.com
Aggarwal, B. B. (2023). Heilende Gewürze. Narayana Verlag
Farrimond, S. (2018). Gewürze - Aromen kombinieren, kochen, perfektionieren. DK Penguin Random House
Vierich T, V. T. (2017). Aroma die Kunst des Würzens. Stiftung Warentest
Vierich T., V. T. (2020). Aroma essenziell. Stiftung Warentest
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. (2021). Vun Dréischel bis Kréischel - 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss. ZLS a SCRIPT
Presentéiert vum
- Angie Maquil