Gewierzer aus aller Welt
Vanill, Vanille, Vanille
5 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/248324/image-thumb__248324__base_thumbnail/Vanill.2d927b85.jpg)
De Vanill kënnt ursprünglech aus Mexiko an ass d’Fruucht vun enger Orchidee. En entwéckelt eréischt no laangen opwennege Prozesser hiren eenzegaartegen Aroma an ass doduerch no um Safran, deem deierste Gewierz vun der Welt. Ob an der Vanillsglace, dem Pudding oder der Bûche, Vanill ass d‘Liblingsgewierz vun de Kanner. De Vanill enthält bis zu 250 Aromakomponenten, déi dee méischichtegen intensive Geschmaach a seng Wierkung op eisen Organismus ausmaachen. Vill Erwuessener spieren, datt hir Stëmmung sech verbessert, wa si Vanill richen a schmaachen. Esou hu Studie gewisen, datt dëse villschichtegen Aroma meeschtens vill frou Kandheetserënnerungen ervirrifft.
D’Ernärungsberoderin Lis Muller mat weideren Erklärungen
Klengen Tipp:
Chrëschtschockelasmëllech: an d’Mëllech d’Muerch vun enger Vanillstaang krazen, opkachen an da mat guddem schwaarze Schockela an e bësschen Hunneg zoubereeden.
Referencen:
https://www.comptoir-des-epices.com
Aggarwal, B. B. (2023). Heilende Gewürze. Narayana Verlag
Farrimond, S. (2018). Gewürze - Aromen kombinieren, kochen, perfektionieren. DK Penguin Random House
Vierich T, V. T. (2017). Aroma die Kunst des Würzens. Stiftung Warentest
Vierich T., V. T. (2020). Aroma essenziell. Stiftung Warentest
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. (2021). Vun Dréischel bis Kréischel 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss. ZLS a SCRIPT
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
![Ingwer, Ingwer, Gingembre](/1_Foto/100komma7.lu/248336/image-thumb__248336__base_thumbnail/Ingwer.f7eadf8d.jpg)
Ingwer, Ingwer, Gingembre
Eng Wuerzel mat erstaunlechen Eegenschaften
![Neelcheskapp, Gewürznelke, Clou de girofle](/1_Foto/100komma7.lu/248342/image-thumb__248342__base_thumbnail/Neelchesk%C3%A4pp.ae6456ba.jpg)
Neelcheskapp, Gewürznelke, Clou de girofle
E Wantergewierz, dat am beschten zesumme mat anere Gewierzer harmonéiert.
![Stärenanäis, Sternanis, Anis étoilé](/1_Foto/100komma7.lu/248330/image-thumb__248330__base_thumbnail/Sternanise.ea80b54f.jpg)
Stärenanäis, Sternanis, Anis étoilé
E Glécksbrénger, deen net nëmmen dekorativ ass.
![Muskot, Muskat, Muscade](/1_Foto/100komma7.lu/248339/image-thumb__248339__base_thumbnail/Muskatnoss.2a5162b1.jpg)
Muskot, Muskat, Muscade
Duerch d‘Erhëtze verléiert d’Muskotnoss séier den Aroma. Duerfir léiwer frësch, als Noss direkt éier een zerwéiert iwwert d’Iesse reiwen.
![Kardamom, Kardamom, Cardamome](/1_Foto/100komma7.lu/248333/image-thumb__248333__base_thumbnail/Kardamon.fee93f66.jpg)
Kardamom, Kardamom, Cardamome
Kardamom op gréng oder schwaarz an ass ëmmer en Highlight an der asiatescher Kichen
![Vanill, Vanille, Vanille](/1_Foto/100komma7.lu/248324/image-thumb__248324__base_thumbnail/Vanill.2d927b85.jpg)
Vanill, Vanille, Vanille
D'Kinnigin vun de Gewierzer, déi fir gutt Laun suergt.
![Kanéil Cannelle, Zimt](/1_Foto/100komma7.lu/248327/image-thumb__248327__base_thumbnail/Kan%C3%A9il.13d4be7a.jpg)