Europa Aktuell
EU-Erweiderung: "Bis 2030 nei Memberen ass net onrealistesch"
5 min
Sechs Westbalkan-Länner sti vrun der Dier vun der EU. Et gi Fortschrëtter mee et ass schwéier virauszegesinn, wéini déi éischt effektiv Member vum EU-Club ginn.
An de leschte Méint hu verschidde vun deene Länner grouss Progrèsen en vue vun engem Bäitrëtt an d’EU gemaach.
Wa Krittären erfëllt sinn, muss een de Courage hunn, deen nächste Schrëtt ze maachen, dat sot de Premier Luc Frieden gëschter Owend zu Bréissel. D’EU géing am anere Fall een héije Präis bezuelen, wann deen Erweiderungsprozess an d’Längt gezu gëtt. Wou si mir drun? Mir kucken dorop mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
Presentéiert vum
- Daniele Weber