E Sonndeg war de François Bayrou genee 100 Deeg am Amt als franséische Premier. 100 Deeg, an deenen hie scho vill Kontroversen ausgeléist awer nach wéineg grouss politesch Projeten ugestouss huet. No der kuerzer Amtszäit vu sengem Virgänger Michel Barnier war de François Bayrou fir vill eng Zort Kompromësskandidat an hien huet sech Mëtt Dezember och als dëse presentéiert. Mee wat ass nach vun de Versprieche vun engem Neiufank iwwereg a wouhi stéiert de Premier mat senger Regierung? Doriwwer schwätze mir mat eisem Paräisser-Korrespondent Max Tholl.
arrow_back_ios
Europa Aktuell
Franséische Premier Bayrou 100 Deeg am Amt
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow

François Bayrou (Foto: picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto)
mic_none
Presentéiert vum
- Max Tholl
Episoden

Gilles Roth: "Et gëtt net um Soziale gefummelt"
De Finanzminister schléisst aus, datt wéinst méi héijen Depensë fir d'Verdeedegung am Budget fir Soziales géif gekierzt ginn. Och Steiererhéijunge wieren net geplangt.

Fernand Kartheiser vun den eegene Reien ausgebremst
Dem ADR-Deputéierten seng Demande, Lëtzebuergesch am EU-Parlament dierfen ze schwätzen, gëtt vu Vertrieder vum konservativen a rietse Bord als net konform mam EU-Recht agestuuft.
Schengen-Kodex: Wéi laang dierf Däitschland Grenzkontrolle maachen?
Grenzkontrolle kéinten am Schengenraum nëmmen zwee Mol verlängert ginn, sou den Innenminister Leon Gloden. De Faktencheck weist, datt dat esou net stëmmt.

Schengen-Kodex: Wéi laang dierf Däitschland Grenzkontrolle maachen?
Grenzkontrolle kéinten am Schengenraum nëmmen zwee Mol verlängert ginn, esou den Innenminister Léon Gloden. De Faktencheck weist, datt dat esou net stëmmt.

EU-Kommissioun plangt Verbuet géint den Import vu russeschem Gas
D’Europäesch Kommissioun huet wëlles Gas a Pëtrol-Importer aus Russland an d’EU bis Enn 2027 ze verbidden. Och fir den Import vun Uranium solle Restriktioune gëllen.
Een Dag zu Kiew: Blëtz-Impressiounen
D’Ministere Bettel a Backes waren op Besuch an der ukrainescher Haaptstad. Eng Reportage aus Kiew

Eidel Bürosgebaier a Wunnengen ëmwandelen
Eng Léisung fir de Logementsproblem?

Een Dag op besuch zu Kiew: Wat bleift hänken?
D'100,7-Journalistin Danièle Weber war beim Besuch vun de Ministere Bettel a Backes an der Ukrain derbäi an zitt ee perséinleche Bilan.

Een Dag zu Kiew: Blëtz-Impressiounen
D’Ministere Bettel a Backes waren op Besuch an der ukrainescher Haaptstad. Eng Reportage aus Kiew

Zukünfteg däitsch Regierung
Déi däitsch CDU huet d’Nimm vun hire Ministerinnen a Ministere bekannt ginn. Eise Korrespondent Matthias Kirsch gëtt weider Detailer.

Ganz Portugal a Spuenien ouni Stroum
Op der gesamter Ibeerescher Insel ass gëschter spéide Moien de Stroum ausgefall. Eis Korrespondentin Aurélie Chamerois ass op der Plaz a gëtt en Abléck vun der Lag.

Spuenien héicht Militärdepensen op 2 % vum PIB
D'NATO-Zil soll schonn 2025, an net eréischt - wéi bis elo virgesinn - 2029 erreecht ginn. Dee Schrëtt kënnt iwwerraschend. Explikatioune vun der 100,7-Korrespondentin a Spuenien

Matten am Handelssträit: EU-Sanktioune géint Apple a Meta
D'EU-Kommissioun applizéiert d'Gesetz iwwer digital Mäert. Endlech, soen déi eng. Ongerecht, fannen déi aner. Wat stécht dohannert?
De Geriichtshaff zu London huet festgeluech wat eng Fra ass,
De Geriichtshaff zu London huet festgeluecht, dass sech den “Term” Fra gesetzlech elo just op Leit bezitt, déi als biologesch Frae gebuer sinn.

Groussbritannien: Wat ass déi legal Definitioun vun enger Fra?
Deen Ieweschte Geriichtshaff vu Groussbritannien huet decidéiert, wien ënner dem Gläichheetsgesetz als Fra ugesi gëtt.
Sexualiséiert Gewalt am Kulturberäich
Iwwer 6 Méint laang huet eng speziell Enquêtëkommissioun a Frankräich un engem Rapport iwwer sexuell Gewalt am Kulturberäich geschafft.

Déi nei däitsch Koalitioun steet
Mir kucke mat eisem Däitschland-Korrespondent, op wat Unioun an SPD sech gëeenegt hunn.
