Haut (27.3.) kommen zu Paräis d’Staats- a Regierungscheffe vun enger 30 Länner zesummen, fir iwwer Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain ze beroden. Ënner hinnen ass och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden. Et ass net déi éischte Kéier, datt de franséische President Emmanuel Macron déi europäesch an NATO-Partner op Paräis invitéiert fir eng sougenannt Koalitioun vun de Wëllegen ze schafen an d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain ze garantéieren. Gëschter Owend schonn hat de Macron den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj op Besuch an huet ugekënnegt, datt Frankräich der Ukrain zousätzlech zwou Milliarde Militärhëllef wäert bereetstellen. Doru soll haut ugeknäppt ginn, wéi de Macron gëschter Owend sot.
arrow_back_ios
Europa Aktuell
Ukrain-Sommet
Lauschteren
play_arrow
(Foto: European Council)
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Max Tholl
Episoden
Nei Rechter fir Flugpassagéier: Wat ännert?
D'Europaparlament gëtt gréng Luucht fir nei Rechter fir Flugpassagéier. D'Verhandlungen doriwwer hu jorelaang gedauert, well d'Memberlänner sech net eens goufen.
EU-Mamme-Partei vun der AfD kéint EU-Fongen a Rechter verléieren
EU-Parlament kéint eng Prozedur lancéieren, déi der riets-extreemer Partei “Europa vun de Souveränen Natiounen” d’Recht entzitt, eng politesch Partei ze sinn an EU-Fongen ze kréien
Taliban-Meeting zu Bréissel: War Lëtzebuerg derbäi?
Eng Reunioun tëschent Vertrieder:innen aus 15 EU-Länner, der EU-Kommissioun an enger Taliban-Delegatioun suergt fir Kritik. Virun allem am Europaparlament.
Trotz Hëtzwell: Verschidde Länner fuerdere weider méi labber Klimaziler
An der Diskussioun iwwer CO2-Emissioune vun Autoe gouf et keen neien Elan. Déi eng wëlle méi Flexibilitéit, déi aner un den ambitiéise Klimaziler festhalen.
Diskussioun ronderëm d'Centre-de-retouren
19 Länner haten um Bord vum Sommet gefuerdert, datt den Opbau vun de Return Hubs sollt mat EU-Sue finanzéiert ginn. Domat ass awer net jiddereen averstanen.
EU-Budget: Wäit ewech vun engem Accord
Méi oder manner Suen an d'Bréisseler Keess? Den EU-Budget suergt fir schwiereg Diskussiounen ënner de Memberlänner.
EU - US Deal: Wéi eng Konditioune stellt d'EU?
D'EU seet Jo zum EU-US-Deal iwwert Douanestaxen, ma net ouni den Accord u Konditiounen ze knäppen. D'EU-Parlament krut sech hei duerchgesat.
Christophe Hansen wëll de Bauere méi Sue ginn, awer net elo direkt
Virum Summer solle Mesure presentéiert ginn, sou d'Annonce vum EU-Agrar-Kommissär. Mat wat kënnen d'Bauere rechnen?
Wat brauch d'EU haut, Viviane Reding?
D'CSV-Politikerin, déi dräi Mol EU-Kommissärin war, krut gëschter den Uerde fir Europäesch Meritten iwwerreecht. Mir froen si: Wat feelt der EU haut, wat se fréier hat?
Europäesch Arméi: Nach ëmmer keng konkret Diskussioun wäert
D’Annonce vun den USA, massiv Zaldoten aus Europa ofzezéien, huet keng nei Beweegung an d’Diskussioun iwwert eng europäesch Arméi bruecht.
EU-Kommissioun seet Nee zu gemeinsame Mesurë géint Energiekris
Iwwerprofit-Steier oder méi labber Budgetsreegelen: d'EU-Kommissioun huet net wëlles EU-Mesurë géint d'Energiekris ze proposéieren.
Peter Magyar kämpft zu Bréissel fir ungaresch EU-Suen
Den ungaresche Walgewënner war fir een éischte Besuch zu Bréissel. Haaptsujet: Fongen an Héicht vu 16 Milliarden Euro, déi Bréissel agefruer huet.
Informellen EU-Sommet: EnergieKris: wéi koordinéiert geet d'EU vir?
D'Staats- a Regierungscheffen tausche sech iwwer proposéiert Mesurë vun der EU-Kommissioun aus an hunn een éischten Echange iwwer den nächsten EU-Budget.
Gabriele Bischoff EU-Deputéiert (SPD)
An der Europäescher Unioun kéint et haut zu engem Accord an engem Dossier kommen - deen éischtens schonn zéng Joer schleeft an dee fir Lëtzebuerg zimmlech wichteg ass
EU-Defense-Kommissär: Ukrain kéint Deel vun EU-Arméi sinn
Den EU-Kommissär fir d'Verteidegung Andrius Kubilius seet, d'Ukrain kéint eng wichteg Experienz mat an een europäeschen Defense-System bréngen.
No Orbán-Out: Ungarn an d'EU sti virun intensiven Debatten
Zu Bréissel gëtt erliichtert op d'Victoire vum Oppositiounsleader Peter Magyar an Ungarn reagéiert. Mee wéi séier kënnen dann elo Blockagen opgehuewe ginn?
Péter Magyar: Dee Politiker, deen de Viktor Orbán kéint klappen
Woufir steet de Politiker? Eis Europakorrespondentin Danièle Weber huet zu Budapest mat Experte geschwat.
Walkampf an Ungarn: Kënnt et zum Wiessel?
No 16 Joer un der Muecht kéint de Viktor Orban an Ungarn ofgewielt ginn. Vill Leit schéngen es genuch ze hu mam Regime, deen hien opgebaut huet.
EU-Parlament: EU-US-Deal soll u Konditioune geknäppt ginn
No laangen Hin an Hir ass d'EU-Parlament prett, iwwert den Handelsaccord mat den USA ofzestëmmen. ET gëtt erwaart, datt d'Majoritéit Jo seet, allerdéngs Konditioune setzt.