E staarkt Team
D'Eltereschoul J. Korczak
3 min
No zwee Méint Vakanz geet hei am Land d’nächst Woch d’Schoul erëm un. Mir hunn d‘lescht Woch op dëser Plaz scho méi generell iwwer Iwwergäng am Familljeliewe geschwat, a wéi wichteg et ass, gutt dorop virbereet ze sinn.
Awer och fir déi Famillen, fir déi dëst Joer méi een “normaalt” Joer ufänkt, ass de Moment vun der Rentrée ëmmer ee besonneschen.
No ville Wochen, an deenen een net huet missten no engem bestëmmte Rhythmus liewen, an deenen d’Familljereegelen e bësse méi large waren, ee moies laang am Pyjama konnt ronderëm rennen, geet elo erëm een Alldag mat fréi opstoen, Schoulhorairen an eventuell Hausaufgaben un.
Fir vill Kanner ass d‘Virfreed awer grouss. Si si gespaant op hiren neie Klassesall, op déi nei Léiereien, deen neie Schoulmeeschter, si freeë sech op hir Frënn a si frou, datt hir Fräizäitaktivitéiten erëm ufänken.
Dës Virfreed kann ee ganz gutt als Elteren asetzen, fir mat de Kanner déi méi “eescht” Saache vun der Rentrée ze preparéieren.
Mat der Jeannine Schumann, Chargée de Direction vun der Eltereschoul J. Korczak
Erausgepickt:
Webinaire pour parents
Apprendre un jeu d’enfants, mëttwochs, de 25.09.24 vun 19:00-21:00 Auer
Intervenante: Julie Bové, Véronique Nilles
De ganzen Agenda fënnt een op: www.kannerschlass.lu
Presentéiert vum
- Angie Maquil