E staarkt Team
D'Eltereschoul J. Korczak
3 min
Geet et dorëms Famill a Beruff ënner een Hutt ze kréien, da stellt sech fréier oder spéider d’Fro: Wie passt op eist Kand op?
Hei am Land hu mir do eng Rei Optiounen, déi fir déi jonk Famillen a Fro kommen. Nieft der Crèche gëtt et d’Optioun vun den Dagesfamillen a beléift ass och nach ëmmer d’Garde an der Famill, meeschtens da vun de Grousselteren.
Eist Kand geet an d’Crèche, dat bedeit och:
"Op alle Fall mol zu senger Entscheedung stoen, also nach eemol préiwen, datt d’Betreiung och op eis Besoine passt. D’Kand esou och spiere loossen, datt ee selwer ee gutt Gefill huet.
An der Virbereedung sollt ee sech souvill wéi méiglech Informatiounen aus der Crèche beschafen, datt ee wéineg Inconnuen huet. Sech mat aneren Elteren austauschen".
Mat der Jeannine Schumann, Chargée de Direction vun der Eltereschoul J. Korczak
Tipp:
An der Eltereschoul kann een zum Beispill deelhuelen un Informatiounsseancen, déi iwwer déi verschidden Entwécklungsetappe vum Kand informéieren. Den Online-Programm geet erëm an der zweeter Septemberhallschent un. De ganzen Agenda fënnt een op www.kannerschlass.lu.
Presentéiert vum
- Angie Maquil