E staarkt Team
D'Eltereschoul J. Korczak
4 min
Geet et dorëms Famill a Beruff ënner een Hutt ze kréien, da stellt sech fréier oder spéider d‘Fro: Wie passt op eist Kand op?
Hei am Land hu mir do eng Rei Optiounen, déi fir jonk Famillen a Fro kommen. Nieft der Crèche, gëtt et d‘Optioun vun den Dagesfamillen. Beléift ass och nach ëmmer d’Garde an der Famill, meeschtens da vun de Grousselteren. Wéi eng Garde sech fir wien eegent, huet mat ville Saachen ze dinn.
"Firwat brauche mir eng Garde fir eist Kand a wéi dacks, wéi laang, wéivill brauche mir dës Garde. Et ass wichteg, datt d’Garde, déi ech wielen, op eis Besoine passt. Wann ech 3 Deeg an der Woch schaffen, an eng Crèche bitt mir just ee Kontrakt fir 5 Deeg un, da passt dat net op eis Situatioun".
Mat der Jeannine Schumann, Chargée de Direction vun der Eltereschoul J. Korczak
Tipp:
Triple P Cours (Positive Parenting Programm)
Cours fir Elteren a véier Deeler
05./12./19.10. an 09.11. allkéiers vun 09.00-11.30 Auer
Umeldung: eltereschoul@kannerschlass.lu
De ganzen Agenda fënnt een op: www.kannerschlass.lu
Presentéiert vum
- Angie Maquil