Dës Kéier geet et ëm eng ganz schéi Faarf: mof. Mir schwätzen iwwer d'Orthografie, franséisch Wierder a Blummen.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wat hu mer haut fir e Wiwi-Wuert?
C: Pass op, ech fänken haut net direkt mat eisem Wuert un …
S: A sou?
C: … mee mat engem Erratum.
S: O mei, Caroline. Wou wëlls de dech da verbesseren?
C: Jo, mäin Erratum ass vun der Episod 85 'bosseg', vu virun 2 Wochen, wou ech gesot hunn, dass dat eeben vu franséisch 'la bosse', also d'Knupp, kënnt. An do hunn ech dat passend franséischt Adjektiv mat der falscher Endung benotzt.
S: A, dat war mer mol net opgefall! Wat has de da gesot?
C: … ma ech sot leider déi falsch Form "bosseux" op Franséischen, also 't huet näischt mam Bosseur ze dinn, deen, dee vill schafft, mee et ass natierlech "bossu", mat U (ü) hannen. Du gesäis, meng Intuitioun am Franséischen ass net su gutt wéi am Lëtzebuergeschen.
S: Haaptssach, déi ass am Lëtzebuergesche gutt an du hues dat jo lo verbessert. Wéi gesot, mir war et net opgefall an der Opnam.
C: … ech sinn och vun engem Kolleeg a Wiwi-Fan drop opmierksam gemaach ginn, awer op eng ganz frëndlech Manéier an dofir sinn ech och do absolut transparent, fir ze soen, do hunn ech e Feeler gemaach – an dat heite war mäin Erratum.
S: Fannen ech awer gutt, dass een do transparent ass!
C: Majo! Ech wëll dem Franséischen awer net Onrecht doen an dofir hunn ech mer fir haut e Wuert erausgesicht, wat och aus dem Franséische kënnt a wat mir scho mi laang immens gutt gefält, an zwar geet et ëm eng Faarf. Kanns de der virstellen … oder nee, komm mer soe mol anescht, wat ass eigentlech deng Liblingsfaarf?
S: ____
C: Ech schwanke ganz oft tëscht bordeaux-rout an däischtergréng. Ech fannen di alleguer immens schéin, mee haut geet et ëm d'Faarf 'mof' an mol direkt eng Fro: Wéi géifs du mof schreiwen?
S: ___
C: Déi korrekt Schreifweis ass MOF. Ech hat do awer och no eelere Schreifweise gekuckt a M O O F (mat OO) ass tatsächlech eng Schreifweis, wou een 1975 richteg geleeën hätt, mee haut leider net méi, well haut muss de do d'Quantitéitsreegel richteg gräife loossen an et ass just e laangen O mat engem Konsonant hannendrunner, also muss de se M O F schreiwen.
S: O vreck, ech wäert mer dat ni verhalen mat deene laangen a kuerze Vokaler.
C: Ma wann s de wëlls, kann ech am Fong eng Kéier eng Emissioun maachen iwwert d'Quantitéitsreegel, wou mer dat méi genee kucken.
S: Ou jo, ganz gären. Dat interesséiert bestëmmt och e puer Nolauschterer vun eis.
C: Jo, et léiert ee jo och an der Widderhuelung, dass et hänke bleift! … mee zréck bei MOF. Et ass am Lëtzebuergesche MOF a weess de, wéi een am Franséische schreift?
S: M-A-U-V-E.
C: Genee, do ass et nämlech MAUVE och hannen mat engem vill mi mëlle Reif-Laut geschwat, ne? Also mir hunn hannen do VE an am Lëtzebuergesche maache mer F. Dat nennt sech Ennverhäerdung, dat heescht, wa mer esou e Laut hunn, deen et an enger an enger mëller Variant gëtt /v/, dann ass nom Enn vum Wuert ëmmer haart /f/ an dofir heescht dat Auslautverhäerdung oder Ennverhäerdung, well mer dee Laut um Enn ëmmer haart schwätzen. Deemno gouf de VE aus dem Franséischen net eriwwergeholl, mer huelen en F a schreiwen d'Wuert komplett Lëtzebuergesch. Dat heescht, mer schreiwen och net M-A-U-F, well se steet do Mauf wi 'e Maufel', et schreift een M-O-F. Dass deen F awer konsequent do ass, gesi mer, wa mer d'Wuert am Kasus veränneren, also wann eng Endung drukënnt, wéi bei 'e mofe Plower', do ass gutt en /f/ a kee /v/ ze héieren.
S: A wou kënnt dat Wuert eigentlech hier? Also jo, "mauve" am Franséischen, mee dat huet dach eppes mat enger Planz ze dinn, nee?
C: Ganz genee, "mauve" ass dat, wat mer am Däitschen als "Malve" kennen, an "mauve" ass eng Planz (Latäin malva, Gattung malvaceae).
S: Wat kënnt eigentlech ëmmer fir d'éischt, hunn ech mech ëmmer gefrot, fir d'éischt den Nummf fir eng Faarf oder fir d'éischt den Numm vun enger Planz?
C: Dat ass ganz intressant, well an deenen allermeeschte Fäll sinn mir als Mënschen inspiréiert vun der Natur. Et gouf fréier och net sou vill Faarfbezeechnungen, mee vill Faarwen an der Natur. Als éischt goufe meeschtens Planze genannt a méi spéit eréischt Faarfbezeechnungen. Genee wéi bei der Orange och! Als éischt d'Fruucht vum Bam an dono als Faarfbezeechnung. An eeleren Texter fënnt een och relativ wéineg verschidde benannte Faarwen. An am Ursprong vun der Sprooch si mer warscheinlich just bei hell oder däischter, dono rout, blo, giel asw. Dat ass a verschiddene Sproochen tatsächlech beluecht. Mee mat der Orange, do maachen ech gär eng separat Episod, dat ass och intressant!
S: Jo, dat géif mech och intresséieren!
C: Also bei MOF verhale mer eis, dass et vun der franséischer Blumm Mauve kënnt, dat wat am däitschen Malve ass, an do géif ech Iech wierklech recommandéieren, gitt eng Kéier op d'Google Sich oder eng aner Sichmaschinn, déi Der am Internet benotzt. An da gitt der eng Kéier Malven kucken, déi si wierklech wonnerschéin a se sinn och deelweis e Spektrum vu Faarwen, also se sinn heinsdo vu su engem ganz zaarte Mof zu engem su richteg kräftegen Toun mat ënnerschiddleche Blo-Undeeler dran. Mee dat ass elo genuch Faarftheorie fir haut!
S: Ma da villmools Merci, Caroline, an da freeë mer eis op déi nächst Kéier, wa mer iwwer Orangë schwätzen.
C: Jo, ganz genee. A merci och un dech! Bis dann. A mäi Schlusswuert ass: Äddi.