arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Kajak

Lauschteren play_arrow
headphones

5 min

Haut schwätze mer iwwer den Ënnerscheed tëscht engem Kajak an engem Kanu a wouhier d’Wuert Kajak kënnt.



S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Wéi ee Wuert hues de eis haut matbruecht?

C: Haut schwätze mer iwwert den Kajak. A wann een an den LOD geet an do Kajak nosiche geet, da gesäit een e Beispillsaz an de Beispillsaz ass eng Fro. An dofir starten ech haut mat der Fro aus dem LOD: “Kenns du d'Differenz tëschent engem Kanu an engem Kajak?”

Also wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëscht engem Kajak an engem Kanu? Weess du dat?

S: ____

C: De Kanu, deen ass uewen ëmmer op. Et ass quasi esou en oppent Schëffchen, wou eng oder méi Persounen drasëtzen, an de Kajak, deen huet richteg esou ronn Sëtzplazen. Wann s de vun uewen op e Kajak erofkucks, dann häss de quasi esou Kreesser, wou dann de Mënsch drasëtzt.

S: Ass dat ëmmer fir een eleng?

C: En ass net nëmme fir eng Persoun, mee meeschtens schonn. An et geet eeben drëm, dass den Kajak zougedeckt ass – mat deene Sëtzlächer, an de Kanu net. Wat mech awer interesséiert huet, ass, wou dat Wuert Kajak hierkënnt.

S: Et kléngt emol net europäesch.

C: Effektiv ass Kajak e Wuert aus der Inuit-Sprooch – oder wéi ee fréier sot – aus den Eskimo-Sproochen a gouf do och scho Kajak genannt. Allerdéngs schreift ee Kajak am Inuit Q-A-Y-A-Q.

S: A jo, a mir schreiwen et awer mat K?

C: De Kajak am Lëtzebuergesche schreiwe mer K-A-J-A-K, wéi am Däitschen. An deene meeschte Sproochen, also am Portugiseschen, am Engleschen, am Franséischen, schreiwe mer de Kajak mam Y an der Mëtt, awer dat ass just en Detail. Bausse steet awer ëmmer e K.

Interessant ass awer, wat et am Inuit bedeit.

S: Warscheinlech och Boot, oder?

C: Jo, méi genee Männerboot oder Juegdboot. An hei hunn ech och e klengen Rabbit Hole fonnt, an deen ech mech do agegruewen hunn. Kajake komme vun den Inuit, déi ronderëm Grönland wunnen.

A se haten net sou vill Material a se hu ganz oft Karkasse vun Déiere geholl, wéi zum Beispill Rëpper vun engem Wal, mat Holz verstäerkt. An do hu se dann Haut ronderëm gespaant an dat hu se zu Booter verschafft. An déi speziell Zort Boot, dat ass de Kajak. An do hunn natierlech d'Europäer an d'Amerikaner dee Modell gesinn an hunn dat immens clever fonnt. Déi haten allerdéngs aner Ressourcen an dofir konnte Kajaken dann och aus aneren Elementer gebaut ginn.

S: Also éischter mat Holz?

C: Deemools hu se och schonn e bëssen Holz dra verschafft. An fir dass d'Haut ronderëm och wierklech waasserdicht bleift, hu se de Kajak all véier bis aacht Deeg mat Ueleg oder mat Déierefett ageriwwen, fir en eebe waasserbestänneg ze maachen an dass e sech net vollsaugt an ënnergeet. Ganz typesch sinn och déi Paddele mat den zwou Säiten, déi ee ka benotzen, déi typesch Dréibeweegung mat béiden Äerm. Et ass elo Radio, mee ech maachen se grad vir!

S: Ganz elegant, kann ech soen!

C: Iwwregens: Den eelste Kajak, deen ass iwwer 4000 Joer al! Also dat ass wierklech vun Nomadevëlker, déi schonn Kajake gebaut hunn. An haut, an eise Breetegraden, do gëtt de Kajak am Fong just nach als Fräizäit oder als Sportaktivitéit benotzt. Oder kennt dir vläicht Leit, déi nach mam Kajak joe ginn?

S: _____

C: A wann ech mech erënneren, mir waren an der Primärschoul, ware mir um Stauséi an do ware mir och Kajakfueren. Mee déi Kajaken, déi waren natierlech aus Plastik.

S: An domat si mer haut och schonn um Enn, merci, Caroline, a mir freeën eis op déi nächst Kéier, well do hu mer e klenge Jubiläum, Episod 50!

C: Ma merci a wéi séier dat elo goung! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

spannend

Dës Kéier geet et ëm eppes, wat spannend ass! Nämlech de Participe présent a firwat mir esou Wierder wéi "spannend" ganz onbeandrockend fannen.
headphones

6 min

play_arrow

plënneren

Dës Kéier geet et ëm Plënneren an ëm d'Tatsaach, dass plündern a plënneren am Fong op déi selwecht Iddi zréckginn.
headphones

5 min

play_arrow

Hellewull

Dës Kéier geet et ëm vill Saachen, e Koup Saachen, e Risekoup. Eng Hellewull.
headphones

6 min

play_arrow

Pippi

Dës Kéier geet et ëm Waasserloossen a firwat mIr do ëmmer iwwer eng Plaz schwätzen. Donieft schwätze mIr och doriwwer, wéi mer zu der verduebelter Silb Pi a Pi kommen.
headphones

6 min

play_arrow

Avocado

Dës Kéier geet et ëm Botterbieren, Kierperdeeler an Azteekesch, oder kuerz: ëm d'Avocado!
headphones

6 min

play_arrow

Tomat

Dës Kéier geet et ëm de "Paradiesapfel", Silben an Orthografie.
headphones

6 min

play_arrow

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow

Mupp

Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Neijoerschdag

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
headphones

6 min

play_arrow

Haupeschbléiser

Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 2/2

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 1/2

Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
headphones

6 min

play_arrow

muusseg

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
headphones

6 min

play_arrow

Hammbier

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
headphones

7 min

play_arrow