arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 2. Mee

D'Neiegkeete vum 2. Mee

Lauschteren play_arrow
headphones

5 min

Däitsch Grenzkontrollen: Net legal, seet e Geriicht

Déi temporär däitsch Grenzkontrollen tëschent Lëtzebuerg an dem Saarland an Däitschland sinn net legal. Dat huet e Geriicht zu Koblenz decidéiert.

E Mann, deen an Däitschland wunnt, hat géint déi Grenzkontrolle geklot. Dat well hien no enger Visitt zu Lëtzebuerg op der däitscher Grenz kontrolléiert gouf. D'Geriicht zu Koblenz gouf him Recht. Dem Geriicht no verstoussen d‘Grenzkontrolle géint dat europäescht Recht. Et ass awer nach net kloer, wéi eng Konsequenzen dat Urteel huet. Däitschland kann nach Appell géint d‘Urteel maachen.

Däitschland hat viru méi wéi annerhallwem Joer nees temporär Kontrollen op senge Grenze mat Lëtzebuerg a sengen aneren Nopeschlänner ageféiert. An dat obwuel Däitschland Member vum Schengen-Raum ass. Do gëllt déi fräi Zirkulatioun an et ginn am Prinzip keng Grenzkontrollen. D‘Länner kënnen awer an aussergewéinleche Fäll nees temporär Grenzkontrollen aféieren. Däitschland huet dat gemaach, fir déi illegal Migratioun ze bekämpfen.

Lëtzebuerg ass géint déi Grenzkontrollen an huet ëmmer nees bei der EU-Kommissioun dowéinst Drock gemaach. 

Policegewalt: Prozess géint véier Polizisten

Um Geriicht an der Haaptstad huet e Prozess iwwer Policegewalt ugefaangen. Et ass eng Affär, iwwer déi d‘Medien zu Lëtzebuerg scho vill bericht hunn.

Véier Poliziste sinn ugeklot. D‘Affär geet zeréck op Mee 2023. E Mann, dee vun der Police mat op de Kommissariat op der Stater Gare geholl gouf, ass do vun engem Polizist geschloe ginn. Zwee aner Poliziste sollen dobäi gewiescht sinn. An dee véierte Polizist soll duerno probéiert hunn, dat wat geschitt ass, ze vertuschen. 

Déi véier Poliziste goufen duerno festgeholl a suspendéiert.

Tripartite: Krise-Verhandlunge fänken den 12. Mee un

Et gëtt schonn eng Kris zu Lëtzebuerg, mee déi richteg Kris riskéiert eréischt ze kommen. Dat sot de Premier Luc Frieden an Zesummenhang mat der Tripartite-Krisesëtzung, déi hie virun iwwer enger Woch ugekënnegt huet.

De Premier huet elo en Datum fir déi Krisereunioun tëschent der Regierung an de Vertrieder vun de Gewerkschaften an de Betriber, genannt. Déi éischt Ronn vu Verhandlunge soll den 12. Mee sinn.

Iwwer wéi eng Theemen diskutéiert gëtt ass nach ëmmer net kloer. Sécher ass, datt déi héich Energiepräisser wéinst dem Krich am Noen a Mëttleren Osten een Theema ginn.

US-Ambassade: Diskussiounen ëm manipuléiert Foto

Déi amerikanesch Ambassade zu Lëtzebuerg huet eng manipuléiert Foto publizéiert. Dat huet fir vill Diskussioune gesuergt. Et geet ëm eng Foto, déi bei engem Evenement zu New York gemaach gouf. Op der originaler Foto vum Organisateur gesäit een e puer Gäscht, dorënner de Lëtzebuerger Groussherzog Guillaume, de Finanzminister, den Ausseminister, an déi fréier amerikanesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg, d'Cynthia Stroum.

Op där manipuléierter Foto vun der US-Ambassade war si awer net méi drop. Firwat, ass net kloer.

D‘Cynthia Stroum war ënner dem demokratesche President Barack Obama e bësse méi wéi ee Joer laang amerikanesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg.

D‘Lëtzebuerger Regierung an den Haff soten, datt d‘US Ambassade si net driwwer informéiert hat, datt déi Foto geännert gouf.

Episoden

D'Neiegkeete vum 2. Mee

Grenzkontrollen, Prozess wéinst Policegewalt an déi amerikanesch Ambassade
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026

Den Dokter Philippe Wilmes ass ëm weider 21 Méint suspendéiert ginn, de Premierminister Luc Frieden kënnegt eng Tripartite un an den Direkter vum CNA, de Gilles Zeimet ass zeréckgetrueden
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

D’Vergréisserung vum Fluchhafen, de Bau vun 11 neie Lycéeën, d'Museksschoul Cavem bleift zou, Vitesskontrolle vun der Police
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

Héich Inflatioun, en neie Kollektivvertrag fir d’Uni Lëtzebuerg, d’Luxembourg Pride a Stol vun ArcelorMittal am Wäissen Haus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 4. Abrëll 2026

Drogen um Lëtzebuerger Fluchhafe fonnt, eng Cyberattack, schlecht Aarbechtskonditioune fir d'Prisongspersonal an d'Gewerkschafte protestéieren
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 28. Mäerz 2026

Erhéijung vum Mindestloun, Gewalt Mannerjäreger a CAVEM
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 21. Mäerz 2026

Sozial Medien, Tanktourismus, Schéinheetssalonen a Rechnunge beim Dokter
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 14. Mäerz 2026

Pëtrolspräisser, Waasserverschmotzung an d'Entloossung vum Fussballnationaltrainer vun den Dammen
headphones

3 min

play_arrow