arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 28. Mäerz 2026

D'Neiegkeete vum 28. Mäerz 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

3 min

Mindestloun

Dës ganz Woch gouf iwwer ee grousst Theema gestridden: D’Erhéijung vum Mindestloun. E Freideg huet d’Regierung dunn tranchéiert: Et gëtt elo keng Erhéijung vum Mindestloun gemaach. Mee dee geet awer an d’Luucht. An zwar ëm 2,5 Prozent duerch eng Indextranche, mat där am Summer gerechent gëtt. Derbäi kënnt den normalen Ajustement vun 3,8 Prozent. Op deem Punkt wëllt d’Regierung Entreprisen ënnerstëtzen. Si iwwerhëlt 1,3 Prozentpunkte vun dëser Upassung. 

Den OGBL ass schockéiert iwwer déi Regierungsdecisioun: D’Gewerkschaft ass rosen, datt net weider verhandelt gouf, an och datt d’Patronat finanziell ënnerstëtzt gëtt. D’Gewerkschaft huet Protestaktiounen ugekënnegt.  

Gewalt Mannerjäreger

6 Jonker tëschent 13 a 17 Joer sinn an de Prisong op Schraasseg bruecht ginn. Dat huet de Parquet Ufank der Woch matgedeelt. Zu Dräibuer, an der Struktur fir Mannerjäreger, ass den Ament keng Plaz. Déi 6 haten d’lescht Woch e 14 Joer ale Bouf zu Bouneweg am Park Kaltreis zerschloen. De Parquet schwätzt vu ganz schlëmmer Gewalt.

CAVEM

D’CAVEM ass faillite. Zënter méi ewéi 50 Joer ass déi privat Museksschoul eng Institutioun zu Lëtzebuerg. Elo awer gëtt den Direkter vermësst. D’Enseignanten, déi bleiwen, sichen no enger Léisung a probéieren hir Schoul nach ze retten. Dat awer gëtt eng Course géint d’Zäit: d’Gebai zu Bouneweg wäert warscheinlech verluer goen. D’Proffe wëssen, datt si d’Schüler net ze laang kënnen am Onklore loossen.

Dreck

All Joer geheit all Awunner hei am Land 154 Kilo Dreck an déi gro Dreckskëscht. Dat ass es manner ewéi nach virun e puer Joer. An awer ass et nach ze vill. Besonnesch well 75 Prozent vun deem Offall guer net an déi Dreckskëscht gehéiert. Dat huet elo eng Etüd erausfonnt. Well nach ëmmer fënnt een hei zum Beispill Pabeier, Plastik a Bio-Offäll. E groussen Deel kéint evitéiert oder recycléiert ginn.

Wollef

Am Éislek ware viru kuerzem zwee Wollefsweibecher ënnerwee. Dat huet d’Naturverwaltung dës Woch confirméiert. Ee vun dëse Wollefsweibecher hat am Februar am Raum Wëntger 5 Schof dout gebass. Dat anert Weibchen hat zu Hengescht och Schof dout gemaach. Et ass net gewousst, ob déi zwee den Ament och nach do sinn. Am noen Ausland gëtt et zënter e puer Joer Wollefsruddelen. Bis elo huet bei eis awer nach kee sech fest installéiert.   

Episoden

D'Neiegkeete vum 2. Mee

Grenzkontrollen, Prozess wéinst Policegewalt an déi amerikanesch Ambassade
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026

Den Dokter Philippe Wilmes ass ëm weider 21 Méint suspendéiert ginn, de Premierminister Luc Frieden kënnegt eng Tripartite un an den Direkter vum CNA, de Gilles Zeimet ass zeréckgetrueden
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

D’Vergréisserung vum Fluchhafen, de Bau vun 11 neie Lycéeën, d'Museksschoul Cavem bleift zou, Vitesskontrolle vun der Police
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

Héich Inflatioun, en neie Kollektivvertrag fir d’Uni Lëtzebuerg, d’Luxembourg Pride a Stol vun ArcelorMittal am Wäissen Haus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 4. Abrëll 2026

Drogen um Lëtzebuerger Fluchhafe fonnt, eng Cyberattack, schlecht Aarbechtskonditioune fir d'Prisongspersonal an d'Gewerkschafte protestéieren
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 28. Mäerz 2026

Erhéijung vum Mindestloun, Gewalt Mannerjäreger a CAVEM
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 21. Mäerz 2026

Sozial Medien, Tanktourismus, Schéinheetssalonen a Rechnunge beim Dokter
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 14. Mäerz 2026

Pëtrolspräisser, Waasserverschmotzung an d'Entloossung vum Fussballnationaltrainer vun den Dammen
headphones

3 min

play_arrow