arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

3 min

Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäi Numm ass Sophie Morang. Dës Woch an den Neiegkeeten: Déi héich Inflatioun, en neie Kollektivvertrag fir d’Uni Lëtzebuerg, d’Luxembourg Pride a Stol vun Arcelor Mittal am wäissen Haus.

Stol vun ArcelorMittal am Wäissen Haus

Et kéint gutt sinn, datt Stol vu Lëtzebuerg am neie Festsall vum Wäissen Haus zu Washington verbaut gëtt. D’Zeitung New York Times huet gemellt, datt de Lakshmi Mittal, de Chef vun ArcelorMittal also, dem amerikanesche President Donald Trump gratis Stol ugebueden huet. An dat fir eng Zomm vu 37 Milliounen Dollar. D’Informatioun ass awer net offiziell confirméiert ginn.

Inflatioun

Am Mäerz sinn d’Präisser bei eis vill eropgaangen. Dat heescht, datt d’Joresinflatioun staark geklommen ass. An zwar vun 1,3% am Februar op 2,4% am Mäerz. D’Ursaach ass d‘Explosioun vun den Energiepräisser wéinst dem Krich am Noen Osten. Elo gëtt dermat gerechent, datt am zweeten Trimester dëst Joer eng Indextranche erfält. Dat heescht, dass d’Paien dann automatesch ëm 2,5% klammen.

Kollektivvertrag Uni

D’Gewerkschaft OGBL ass mat der Uni Lëtzebuerg iwwert en neie Kollektivvertrag eens ginn. Mat deem Vertrag ginn d’Paie generell erhéicht. Och de Punkt iwwer Mobbing a Respekt op der Aarbechtsplaz ass am Vertrag komplett iwwerschafft ginn. A leschter Zäit goufen et jo vill Virwërf vum Personal géint d’Uni Lëtzebuerg, riets war vu Mobbing an engem toxesche Klima.

Luxembourg Pride

Den 10. an 11. Juli ass erëm Luxembourg Pride an zwar an der Haaptstad. D'Pride kënnt dohinner zréck, dat nodeem d’Fest vun der LGBTQ Plus Communautéit 17 Joer laang zu Esch war. D’Demande fir an d’Stad ze wiesselen, ass aus der Communautéit selwer komm. An et ass elo ofgemaach ginn, datt d’Stad Lëtzebuerg an d’Stad Esch sech all Joer bei der Organisatioun vun dësem Fest ofwiesselen.

Episoden

D'Neiegkeete vum 2. Mee

Grenzkontrollen, Prozess wéinst Policegewalt an déi amerikanesch Ambassade
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026

Den Dokter Philippe Wilmes ass ëm weider 21 Méint suspendéiert ginn, de Premierminister Luc Frieden kënnegt eng Tripartite un an den Direkter vum CNA, de Gilles Zeimet ass zeréckgetrueden
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

D’Vergréisserung vum Fluchhafen, de Bau vun 11 neie Lycéeën, d'Museksschoul Cavem bleift zou, Vitesskontrolle vun der Police
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

Héich Inflatioun, en neie Kollektivvertrag fir d’Uni Lëtzebuerg, d’Luxembourg Pride a Stol vun ArcelorMittal am Wäissen Haus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 4. Abrëll 2026

Drogen um Lëtzebuerger Fluchhafe fonnt, eng Cyberattack, schlecht Aarbechtskonditioune fir d'Prisongspersonal an d'Gewerkschafte protestéieren
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 28. Mäerz 2026

Erhéijung vum Mindestloun, Gewalt Mannerjäreger a CAVEM
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 21. Mäerz 2026

Sozial Medien, Tanktourismus, Schéinheetssalonen a Rechnunge beim Dokter
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 14. Mäerz 2026

Pëtrolspräisser, Waasserverschmotzung an d'Entloossung vum Fussballnationaltrainer vun den Dammen
headphones

3 min

play_arrow