D’ChiCo - Children’s Conference huet sech zënter 2019 mat verschiddenste Formater zu Lëtzebuerg weiderentwéckelt, fir datt Kannerparticipatioun an demokratesch Wäerter net nëmmen Theorie a Method bleiwen.
D’Kannerkonferenz riicht sech u Kanner vun 8 bis 12 Joer, déi a Strukture vun der non-formaler Bildung ageschriwwe sinn. D’Zil ass d’Kanner seriö ze huelen an hiren Iddien a Meenungen zu gesellschaftlechen Theemen eng Stëmm ze ginn.
D’ChiCo 2025 ass de 16. Abrëll am Petz (Hall polyvalent) zu Wegdichen bei Wolz a beschäftegt gëtt sech mam Theema “Ech si wichteg! Ech hunn Iddien!“ Wéi entstinn Iddien a Gedanken am Kapp oder am Häerz? Wat sinn Iddien eigentlech a wiem kann een dervun erzielen? Mat den eegenen Iddie kann een d‘Ëmwelt matgestalten, andeems een nolauschtert a sech fir déi Iddien asetzt. Spilleresch an op Aenhéicht beschäftege sech d’Kanner op der ChiCo 2025 mam Ursprong a mat der Wierkung vun Iddien a loossen hirer Fantasie fräie Laf.
D’ChiCo ass organiséiert vum Kannermusée PLOMM an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Centre Cinqfontaines, OKAJU, Jugendbureau Éislek, Centre Formida an Unicef.
Explikatiounen huet d’Jessica Gloden vum Kannermusée Plomm. (www.plomm.lu)