Hate Speech, wat ass gemengt, wat ass d'Problematik?
An enger Zäit, wou d'Kommunikatioun ëmmer méi digital an ëffentlech stattfënnt, gewënnt d'Diskussioun iwwer Hate Speech ëmmer méi u Bedeitung. Hate Speech bezeechent d'Verbreedung vun Aussoen, déi Mënschen opgrond vun hirer Hierkonft, Relioun, Geschlechtsidentitéit oder aner perséinlech Charakteristiken erniddregen, diskriminéieren oder souguer zu Gewalt opruffen. Dës Aart vu Sprooch kann dat soziaalt Klima vergëften, de sozialen Zesummenhalt gefäerden an zu reeller Gewalt féieren. Explikatioune mat der Catherine Jacoby, Chargée de communication vum CID | Fraen an Gender (www.cid-fg.lu)