Doriwwer, wat Bildung si soll, wéi se ausgesi kann a misst, gëtt säit mindestens dem 18. Joerhonnert vill diskutéiert. Schoulmodeller etabléiere sech, weisen hir Lacunnen a mussen nees hannerfrot ginn, fir sech dem zäitgenëssesche Besoin unzepassen. Esouwäit den Ideal an d‘Theorie. D’Schoulform ass eng spezifesch, geplangt a kontrolléiert; mee passt dat op d’Individualitéit vun de Kanner?
Ginn et vläicht aner Konzepter, wéi ee sech bilde kann, déi engem vläicht méi entspriechen? Wou Frontalunterrecht d’Ausnam ass, an dat eegent fuerschen zentral gëtt?”
D’Ewb invitéiert an deem Kontext op eng Diskussiounsronn de 27.03.2025.
Mat Gäscht aus dem Bildungsministère, dem Lycée Ermesinde, dem Zentrum fir politesch Bildung an och aus dem Beräich selbstbestëmmt Léieren. An jiddweree ka mat diskutéiere kommen, wéi d’Nora Schleich, Programmcoordinatrice vun der EwB erkläert. (www.ewb.lu)