Aus dem Liewen
CID | Fraen an Gender
3 min
De 25. November geet d'Orange Week lass, eng Woch, an där fir genderbedéngte Gewalt sensibiliséiert gëtt. Mat Bléck op genderspezifesch Gewalt gëllt et och op Femiziden opmierksam ze maachen. Ee Femizid beschreift allgemeng de geziilte Mord u Meedercher a Fraen, opgrond vun hirem Geschlecht. Se sinn net un eng spezifesch Regioun gebonnen, mee ee globaalt Phenomeen, an dat léisst sech op déi strukturell Diskriminéierung vu Meedercher a Fraen zeréckféieren. Femizide kënnen ënner anerem d’Resultater vun intimer Partnerschaftsgewalt sinn oder och am Kader vu bewaffnete Konflikter instrumentaliséiert ginn. Fir déi genderspezifesch Dimensioun vu Femiziden unzëerkennen, fuerdert de CID | Fraen an Gender, datt Femiziden an de Code Pénal integréiert ginn. Dës erméiglecht et eng fundéiert Datelag opzebauen, fir souwuel d’Ausmooss vum Problem ze identifizéieren a siichtbar ze maachen a geziilt Moossname géint genderspezifesch Gewalt ze entwéckelen.
D’Claire Schadeck vum CID | Fraen an Gender iwwer déi strukturell Dimensioun vu genderbedéngter Gewalt (www.cid-fg.lu)
Presentéiert vum
- Pit Walté