Aus dem Liewen
Eltereschoul J. Korczak
9 min
Léieren (doheem) méi liicht gemaach
Hausaufgabe sinn een ideale Moyen, datt sech dat, wat geléiert gouf, festege kann. Ausserdeem eng einfach Méiglechkeet, eng reegelméisseg Verbindung tëschent der Schoul an doheem ze schafen. Duerch een aktiivt Interesse un den Hausaufgabe vun de Kanner, kréien d’Elteren een Abléck, wéi a wat am Moment an der Schoul behandelt gëtt, a mat wéi engen Theemen hiert Kand sech auserneesetzt.
Net ëmmer awer maachen Hausaufgabe Freed. Dofir gëtt et eng Rei Outilen, déi d’Eltereschoul den Eltere mat op de Wee gëtt:
Gëtt et eng Plaz, wou mäi Kand a Rou, ouni Kaméidi schaffe kann? Wéi laang ka mäi Kand sech konzentréieren? Dat hänkt vu sengem Entwécklungsstand of awer och vu senger individueller Perséinlechkeet.
Léiere mécht méi Spaass, wann et ofwiesslungsräich ass a wann et genuch Pause gëtt.
An der Emissioun kritt Dir nach weider Detailer, fir d’Léieren doheem esou angeneem wéi méiglech ze gestalten.
Mat der Jeannine Schumann, Chargée de Direction vun der Eltereschoul J. Korczak (www.Kannerschlass.lu)
Erausgepickt:
Webinaire pour parents
Mardi, 26.11.24 19:00-21:00 heures
Être parent tout en travaillant
Presentéiert vum
- Angie Maquil