arrow_back_ios

Aus dem Liewen

100komma7.lu / Aus dem Liewen

/ GERO - Kompetenzzenter fir den Alter

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter

Lauschteren play_arrow
headphones

7 min

Am Alter ännere sech d‘Bedierfnesser, och wat d'Wunnen ugeet. D’Leit stelle sech Froen, wann et ëm hir Wunnsituatioun geet a vergläiche verschidde Léisungen, wéi betreit Wunnen an Altersheemer. D'Haaptzil ass et, esou laang wéi méiglech autonom ze bleiwen an trotzdeem eng sécher a sozial integréiert Ëmwelt ze fannen.

D'Wunnbedierfnesser am Alter si villfälteg. Altersheemer bidden eng ëmfaassend Betreiung mat engem fixe Fleegesystem, Gemeinschaftsraim an engem Restaurant. Vill Mënsche wëllen awer esou laang wéi méiglech autonom bleiwen an dofir ass betreit Wunnen eng attraktiv Alternativ. An dëser Wunnform huet ee méi Autonomie, awer och Sécherheet duerch en Telealarm an Hëllef, wann néideg. Am Géigesaz zum Altersheem gëtt et hei keng Restauratioun oder Animatiounsprogrammer.

Vill Leit entscheeden sech fir betreit Wunnen, well d’Appartementer barrièrefräi sinn a besser fir Leit mat Mobilitéitsaschränkungen adaptéierbar si wéi grouss Haiser. Zousätzlech bidde se Méiglechkeete fir sozial Kontakter, besonnesch fir déi, déi eleng wunnen. Beim Kaf oder Locatioun vun esou Wunnenge soll een op d’Accessibilitéit, de Präis pro Meter Carré an d'Chargen oppassen. Wichteg ass och d’Qualitéit vun den Aktivitéiten, déi ugebuede ginn.

Zum Schluss ass d'Wiel vun der Wunnform am Alter perséinlech. Fir vill Leit bleift d’Zil, esou laang wéi méiglech doheem ze liewen, an intergenerationelle Wunngemeinschaften eng nei Plaz ze fannen oder awer nach eng ganz aner Form vun Zesummeliewen, déi et nach net gëtt …

Mam Alain Brever Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter (www.gero.lu / www.infosenior.lu

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Kannermusée Plomm

Spillen am neie Programm "On the move“.
headphones

5 min

play_arrow

Gero - Kompetenzzenter fir den Alter

Neiegkeete vum Pensiounscoach
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Wei sicht een eng passend Berodungsplaz, e passende Psycholog oder eng passend Psychologin?
headphones

9 min

play_arrow

KJT - Kanner-Jugendtelefon

Wann Eltere sech trennen: Eng schwéier Zäit fir déi ganz Famill
headphones

5 min

play_arrow

Naturmusée

Eng kleng Spann ouni Héichtenangscht
headphones

8 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Ëmmer erreechbar - Den Drock direkt ze äntwerten
headphones

8 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Keng Zäit fir ze liesen? Mir hätten do eng Iddi!
headphones

7 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Wat géife Kanner hire Mamme schenken, wa si selwer entscheede kéinten?
headphones

5 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

Jiddereen huet d’Recht op Informatioun an dofir mussen déi och a Gebäerdesprooch disponibel sinn.
headphones

6 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

An der Summersaison vum Kannermusée Wolz "On the move” geet et ëm d’Reesen.
headphones

4 min

play_arrow

Gero - Kompetenzzenter fir den Alter

Fokus Workshop: Gediechtnestraining a Preventioun
headphones

5 min

play_arrow

Familljen-Center

Wann een an eng Berodung oder Therapie geet, geet ee mat engem anere Mënsch eng Bezéiung an. Dës Bezéiung huet awer deelweis aner Eegenschafte wéi déi alldeeglech Bezéiungen.
headphones

5 min

play_arrow

EwB - ErwuesseBildung

Den David Bowie ass 1976 zu Berlin ukomm. Hie sicht hien no sech selwer a gëtt ganz kreativ. Dat gouf an engem Comic opgegraff, deen den 11.06. an der EwB presentéiert gëtt.
headphones

4 min

play_arrow

Bee Secure

Ecranen doheem: wéi Famillen eng gutt Balance fannen - mat klore Reegelen no Alter.
headphones

7 min

play_arrow

Naturmusée

Am Süde vu Lëtzebuerg gëtt et Gestengsschichten, déi weltwäit Opmierksamkeet op sech zéien an dowéinst elo Theema vun engem internationale Wëssenschaftler:innen-Treffe sinn.
headphones

7 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Mäi Kand kuckt keng Pornoen – oder dach?
headphones

6 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Den CID Fraen a Gender invitéiert den 18. Juni op eng Soirée an der CID Bibliothéik zum Sujet Schéinheetsdrock, Sozial Medien a feministesch Interventiounen.
headphones

4 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Fair Play - am Interessi vun de Kanner
headphones

6 min

play_arrow

Initiativ Liewensufank

Seit 40 Jahren Familien begleiten - Wie sich Initiativ Liewensufank für Eltern und Kinder in Luxemburg engagiert
headphones

7 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

De Musée riicht sech och mat enger Offer un déi Erwuessen aus dem Secteur vun der non-formaler Bildung.
headphones

5 min

play_arrow