arrow_back_ios
Kultur um 5
Kultur um 5
D'Lëtzebuerger Pop Band Tame and the Wild stellen exklusiv hir nei Single vir. Déi heescht "Schreien ist Gold", obwuel net dra gejaut gëtt - ganz am Konträr.
Déi Kölner Band Sparkling huet hir ganz Tournée ofgesot, dorënner och e Concert zu Lëtzebuerg. Si erklären eis, firwat dat esou ass.
2022 war e gudde Cru fir d'Literatur. D'Valerija Berdi kuckt zeréck op déi däitsch Präisser vum Joer 2022.
An et geet ëm e Concert, wou den Orchester am Publikum sëtzt.