Kultur um 5
Kultur um 5
54 min
"Blaustufen“ heescht den Debutroman vun der Faby Schintgen, deen Op der Lay erauskoum. Erzielt gëtt hei d‘Geschicht vun enger Fra, déi vun hirem Liewen als Mamm an Hausfra iwwerfuerdert ass. D‘Valerija Berdi huet d‘Buch gelies.
D’Ekipp vun de Rotonden invitéiert ufanks de Joers traditionell op hire Fabula-Rasa-Cycle, bei deem klassesch Geschichten op nei Manéiere gezielt ginn. An deem Kontext ass och eng Expo ze gesinn: “Turn On!”. Mat am Mëttelpunkt dem Phonotrop. D’Kerstin Thalau ass vum Marc Scozzai vun de Rotondë méi doriwwer gewuer ginn.
De Jan Jelinek ass zanter 20 Joer eng unerkannte Stëmm an der elektronescher Musek. Hie mécht esouwuel eescht an experimentell, wéi och Club-Musek. Den Arthur Clees dogéint ass eent vun de gréissten neien Jazz-Talenter hei zu Lëtzebuerg. Am Wanter 2021 hate sech déi zwee fir eng improviséiert Sessioun zesummefonnt, déi och opgezeechent gouf. De Samschdeg den Owend gëtt dës Plack an de Rotonden zu Bouneweg presentéiert. De Marc Clement huet mat deenen zwee Museker iwwer d’Plack an d’Live Sessioun an de Rotondë geschwat.
Presentéiert vum
- Pit Walté