Radioen

On air

9 bis 1  |  The Waterboys - The Whole Of The Moon

play_arrow Live
search

/ Kroatien: Zoran Milanovic bleift President

Stéchwal kloer gewonnen

Kroatien: Zoran Milanovic bleift President

A Kroatien bleift de Zoran Milanovic President. Bei der Stéchwal krut hie ronn 75 Prozent vun de Stëmmen, esou d‘Walkommissioun nodeems bal all d‘Walziedelen ausgezielt waren.

auto_stories

1 min

Zoran Milanovic | © picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka
Zoran Milanovic (Foto: picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka)

Säi Konkurrent Dragan Primorac kënnt op ronn 25 Prozent vun de Stëmmen. De Zoran Milanovic kënnt aus der sozialdemokratescher Partei. Hien ass e Kritiker vun der EU an der NATO a stellt déi westlech militäresch Ënnerstëtzung vun der Ukrain a Fro.

A Kroatien huet de President virun allem eng zeremoniell Roll. Hie ka kee Veto géint Gesetzer aleeën, huet awer a Matsproocherecht an der Aussepolitik, Verdeedegung a Sécherheet.