Dat alles géif een Test fir déi politesch Responsabel duerstellen.
De Charles Goerens fäert, datt d‘Wäertefundament vun der EU attackéiert gëtt. Dat géif den Ament souwisou scho wackelen. Elo misst Drock op déi éisträichesch ÖVP gemaach ginn, fir nach eemol ze versichen, mat anere Parteien eng Majoritéit ze fannen. All Koalitiounsgespréicher si bis elo gescheitert. Dat wier fir den DP-Politiker allerdéngs kee Grond opzeginn.
"Wann ee gesäit, wat um Spill steet fir d'Demokratie an Éisträich an och wat do kann iwwerschwappen op de Rescht vun der Europäescher Unioun, dann ass dat en Appell un d‘Vernonft."
Am Fall wou an Éisträich ee Bundeskanzler vum rietse Bord un d‘Rudder kéim, misst een deen ënner Surveillance stellen. De Charles Goerens erënnert un 2002, wou et schonn eng Koalitioun mat der FPÖ gouf. Deemools huet d‘EU ee Gremium agesat, fir d‘Rechtsstaatlechkeet ze garantéieren.
Ganzen Interview mam Charles Goerens