Radioen

On air

Notturno  |  Nashville Ambient Ensemble - Horizon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Roberts Zile: “De Fernand Kartheiser steet a Kontradiktioun zu eise Wäerter”

KRITIK AUS DEN EEGENE REIEN

Roberts Zile: “De Fernand Kartheiser steet a Kontradiktioun zu eise Wäerter”

Duerch seng Oppositioun géint Sanktioune géint Russland géif den ADR-Europadeputéierte géint zentral Grondwäerter vun den "Europäesche Konservativen a Reformer" goen. Dat seet de Roberts Zile, Fraktiounskolleeg vum Fernand Kartheiser. Seng Aussoen iwwer Russland géifen d’Limitte vun deem wat an der Partei erlaabt ass, depasséieren, sou de letteschen EU-Deputéierten a Vizepresident vum EU-Parlament.

auto_stories

6 min

headphones

7 min

Roberts Zile (h.) a Fernand Kartheiser (v.) | © European Union play_arrow
Foto: European Union

D’Partei vun den “Europäesche Konservativen a Reformer” huet eng nei Spëtzt: En Dënschdeg huet de polnesche President Mateusz Morawiezcki de Virsëtz vun der rietskonservativer EKR iwwerholl an domat déi italieenesch Premierministerin Giorgia Meloni ofgeléist.

Fernand Kartheiser: “Eng Stäerkt vun der EKR ass Pluralitéit”

Duerch deen neie President wäert d’Partei um europäesche Plang méi visibel ginn, kommentéiert de Lëtzebuerger Europadeputéierte Fernand Kartheiser dee Wiessel. Hien erwaart sech och, datt seng Partei, d'ADR, trotz verschiddenen Divergenze Member an där Partei bleift.

“An deene bal 16 Joer, an deenen ech an där Partei sinn, hate mer ëmmer ee Prinzip, datt mer gemeinsam Wäerter hunn, déi mer an eiser Prager Deklaratioun festgehalen hunn, awer net onbedéngt, déi selwecht politesch Positiounen.”

Dat sot de Fernand Kartheiser e Mëttwoch zu Bréissel am 100,7-Interview. Dat géif fir de Krich an der Ukrain gëllen, ma och fir aner Sujeten ewéi d’Ofdreiwung, sou de Lëtzebuerger. A sengen Ae wier et wichteg, déi Pluralitéit ze erhalen.

“Ech fannen dat ass eng Stäerkt vun der EKR. Et gëtt eis Flexibilitéit, et refletéiert eng Diversitéit vu Meenungen an Europa. An ech gesinn doranner kee Problem eigentlech.”

Roberts Zile: “Et gëtt Limitten, et kann net esou weider goen”

Et gëtt awer Leit an där nämmlechter Fraktioun, déi do duerchaus ee Problem gesinn. Een dovun ass den Europadeputéierte Roberts Zile, e fréiere Minister, deen zënter 20 Joer fir déi lettesch rietskonservativ Partei "National Unioun" am Europaparlament sëtzt an do ee vun de Vizepresidenten ass.

Vum Wiessel un der Spëtzt vun der EKR erwaart sech de Lett virun allem Kontinuitéit. De Mateusz Morawiecki wier trotz senge Divergenze mat der EU-Kommissioun een, dee mat der EU zesummeschaffe wéilt, ënnersträicht de Roberts Zile a verweist als éischt op seng kloer Haltung par Rapport zur russescher Aggressioun an der Ukrain. Eng Positioun, déi vun deenen allermeeschten an der Fraktioun géif gedeelt ginn.

Dat weist ee Bléck op Resolutioune fir de Support fir d’Ukrain, déi an de leschte Méint am Parlament gestëmmt goufen. D’Bild, wat sech weist ass all Kéiers dat nämmlecht: Déi grouss Majoritéit vun den 80 EKR-EU-Deputéierten huet fir déi Texter gestëmmt. Dogéint waren der just eng fënnef bis sechs. Een dovu war all Kéiers de Fernand Kartheiser.

“Et gëtt Limitten, an hie geet ganz wäit. Dat kann net esou weider goen”, seet dozou de Roberts Zile. Och hie berifft sech op d’Deklaratioun vu Prag: An deem Grondsaz-Pabeier vun der EKR aus dem Joer 2009 gëtt sech explizitt zur NATO bekannt.

“D’EKR steet hannert der NATO, un där Linn hu mir ëmmer festgehalen. An et si NATO-Länner, déi Sanktioune géint Russland decidéiert hunn. Ween also denkt, datt dat eng falsch Decisioun ass, ass net konform mat eise Wäerter. Vläicht huet de Fernand Kartheiser dat net verstanen? Ma mir kënnen op kee Fall verschidde Vuen an eiser Fraktioun iwwert esou zentral Wäerter hunn.”

Ausmooss vun der Argumentatioun war esou net bekannt

Dem Roberts Zile geet och den Interview vum Fernand Kartheiser mat der Russescher Zeitung “Izvestia” däitlech ze wäit. Déi ”Izvestia” ass vun der EU sanktionéiert. De Roberts Zile, dee russesch schwätzt, nennt se eng “Propaganda-Maschinn”. Am Interview hat sech den ADR Europadeputéierte bekanntlech net nëmmen een Enn vun de Sanktioune gefuerdert, mee och Russland de Rot ginn, se ze ëmgoen.

“Ech war mer net bewosst, wéi wäit de Fernand Kartheiser a senger Argumentatioun geet”, sou de Roberts Zile. Hien hätt och net gewosst, datt de Fernand Kartheiser an den 80er Joren als duebelen Agent fir den amerikaneschen CIA an de Lëtzebuergesche SREL op där enger Säit an op där anerer Säit fir ee russeschen Déngscht geschafft huet. Doheem a Lettland, wou ee gutt iwwert Russland Bescheed weess, géif een iwwert esou Leit soen, et géif keng “fréier” Agenten.

“Dat kann ech net ausschléissen”, äntwert de Roberts Zile op d’Fro, ob hien de Lëtzebuerger deemno nach ëmmer als russesche Spioun ugesäit. Seng Aussoen, ënner anerem an deem Interview, géifen allzäit genee deem entspriechen, wat een allgemeng an de russesche Propaganda-Medie liese kann.

Pro-Ukrain-Deklaratioun just fir nei Partei-Memberen

All déi Leit aus Parteien hu missen eng Pro-Ukrain-Deklaratioun ënnerschreiwen, déi nei Member vun der europäescher Partei EKR gi sinn. De Fernand Kartheiser- huet dat net misse maachen, wéi den 100,7 am Juni zejoert gemellt hat. De Grond dofir läit doran, datt seng Partei, d’ADR, schonn zanter 2010 Member vun der EKR ass.

Am Dezember huet d’EKR-Fraktioun dem Lëtzebuerger ee Bréif geschéckt. Dat hat d’Lëtzebuerger Wort geschriwwen a gouf eis vum Fernand Kartheiser confirméiert. Hien hätt do awer net, wéi am Wort gemellt, eng “Rüüg” krut, mee d’Fraktioun hätt no Erklärunge gefrot. Hien hätt dorop geäntwert, sou den ADR-Politiker um Bord vum Neijooschpatt vu senger Partei zu Lëtzebuerg géintiwwer dem 100,7. Iwwer de Contenu vu senger Äntwert wollt hien näischt verroden.

Lescht giel Kaart fir den ADR-Politiker

Wat wëll d’Fraktioun dann elo konkret ënnerhuelen? Et wier net virgesinn, datt den ADR-EU-Deputéierten nodréiglech eng Deklaratioun ënnerschreiwe muss, erkläert de Roberts Zile.

“De Fernand Kartheiser muss verstoen, datt dat heiten déi lescht giel Kaart ass. Et kann net esou bleiwen, well dat eise Kär-Wäerter schued.”

D’EKR-Fraktioun géif geméiss hire Statuten Decisiounen huelen, sou de Roberts Zile. An: “Wéi mer genee virginn, soe mer wann et esou wäit ass.”

A wéi reagéiert deen Ugeschwate Fernand Kartheiser dorop?

“Ech weess, datt eng ganz Rei Leit vläicht irritéiert sinn, doduerch datt een hir Meenung net deelt. Mee dat gehéiert och zu enger Demokratie. Ech weess och, datt ech ënner Drock stinn, net nëmmen hei zu Bréissel. Mee ech kann Iech soen, datt ech ee ganz gutt Gewëssen hunn. Mir hunn ee Walversprieche gemaach als ADR. An ech stinn dozou.”

Hie wier dës Woch iwwerdeems als ee vun eelef Memberen vum “Board of Directors” vun der EKR-Partei confirméiert ginn. Dowéinst géing hien och net dovun aus, datt hien aus der Fraktioun erausgepucht gëtt.

D’Fro vum Wiessel an eng aner Fraktioun, zum Beispill där vun de “Patriote fir Europa”, déi him a Russland-Froe méi no steet, géing sech fir hien net stellen, sou och den ADR-Europadeputéierten. Allerdéngs wéisst een ni am Liewe “wat muer geschitt”, sou nach de Fernand Kartheiser.

Gespréich mat der 100,7-Bréisselkorrespondentin Danièle Weber

Lauschterenplay_arrow