Radioen

On air

De Weekend  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Koalitioune wieren no de Bundestagswale méiglech?

Däitschland

Wéi eng Koalitioune wieren no de Bundestagswale méiglech?

Zwee Deeg virun de Parlamentswalen an Däitschland klëmmt d’Nervositéit bei de Parteien. An den Ëmfroe läit d’Unioun mat hirem Spëtzekandidat Friedrich Merz zënter Méint kloer op éischter Plaz. Fir eng absolut Majoritéit wäert et awer net duergoen.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

© picture alliance/dpa/dpa-Pool | Kay Nietfeld play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa/dpa-Pool | Kay Nietfeld)

Eise Korrespondent Matthias Kirsch erkläert wéi eng Koalitiounsméiglechkeeten sech héchstwarscheinlech wäerten opdoen. Et géif dräi realistesch Optioune ginn. Eng sécher Majoritéit hätt d‘Unioun zesumme mat der SPD wéi och dem Bündnis90/Die Grünen. Dat wier awer nach net ganz sécher.

"Fir déi drëtt Optioun, nämlech Unioun mat de Gréngen, wäert et wuel ganz knapp ginn. Et gëtt, rechneresch gesinn, nach d'Optioun schwaarz-blo, also Unioun mat der AfD, déi hätt eng Majoritéit."

D'Verhandlunge gi schwiereg

Eng Koalitioun mat der AfD huet de Friedrich Merz awer schonn dacks ausgeschloss.  

Méiglech Koalitiounsverhandlungen dierften dann och net einfach ginn: Virun allem déi bayresch CSU wiert sech bannent der Unioun géint eng Zesummenaarbecht mam Bündnis 90/Die Grünen. Op där anerer Säit hunn SPD an déi Gréng dem Friedrich Merz et iwwel geholl, datt en e Gesetz mat Hëllef vun AfD-Stëmme wollt duerch kréien, sou nach d’Analys vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

Gespréich mam Matthias Kirsch

Lauschterenplay_arrow