Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Real Estate - Flowers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi stinn déi eenzel däitsch Parteien zu de Grenzkontrollen?

Podiumsdiskussioun

Wéi stinn déi eenzel däitsch Parteien zu de Grenzkontrollen?

E Sonndeg sinn an Däitschland Bundestagswalen. Ee Sujtet, dat am Virfeld besonnesch dominéiert ass ass d'Migratioun an d'Grenzkontrollen als Reaktioun. Esou och an enger Podiumsdiskussioun zu Tréier, mat de Bundestagskandidaten a Kandidatinne fir d'Regioun.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Schonn de leschte Mëttwoch hat d‘Bundesinneministerin Nancy Faeser annoncéiert, datt déi aktuell Grenzkontrollen ëm weider sechs Méint géife verlängert ginn. Lëtzebuerg wëll dogéint an Appell goen. Den CDU Kanzlerkandidat Friedrich Merz, deen a Saache Migratiounspolitik eng däitlech haart Linn wëll fueren, fuerdert souguer permanent Grenzkontrollen.

Däitschland brauch Migratioun. Dat war eng vun de Conclusiounen an der Diskussiounsronn. Mee d’Land misst sech déi Mëttel ginn, fir d’Integratioun och ze fërderen. Entweder iwwer Coursen oder och iwwert d’Aarbecht. D’Gemenge wieren dacks iwwerfuerdert, huet et ënnert anerem geheescht.

"Et geet net duer ze soen 'mir packen dat'"

Dat sot och d’SPD Deputéiert Verena Hubertz. Wéi d’Kanzlerin Angela Merkel 2015 dausende Flüchtlingen an Däitschland opgeholl huet, wier dat verpasst ginn. Et misst vill méi Geld a Personal, Infrastruktur a Schoulen investéiert ginn, fir datt d‘Integratioun gelénge kéint, seet d‘SPD-Deputéiert.

"Da reicht es nicht, wie Frau Merkel das sagte 'Wir schaffen das'. Aber wir schaffen das nicht, indem wir uns das wünschen, sondern wir müssen dafür richtig ackern."

Dauerhaft Verlängerung fir SPD-Kandidatin een "No Go"

Wéi awer geet d’Verena Hubertz mat der Fro vun de Grenzkontrollen ëm. Ënnert anerem déi op der Lëtzebuerger Grenz. Hir Parteikolleegin an Inneministerin Nancy Faeser huet dës Grenzkontrollen nach eemol verlängert.

"Das finde ich nicht gut, aber sie sind nur temporär verlängert. Die CDU unter Friedrich Merz, die wollen das ja dauerhaft und das ist ganz klar ein No-Go."

CDU wëll Grenzkontrolle mat Réckféierunge kombinéieren

Den CDU-Deputéierte Patrick Schnieder fënnt, datt Grenzkontrolle wesentlech Konsequenzen huet virun Allem op Pendler:innen. An dach fënnt hien, datt Grenzkontrollen elo wichteg sinn, fir d’Migratioun ze kontrolléieren: Däitschland wier iwwerfuerdert mat der Migratioun.

"Die Zahlen, die die Grenzkontrollen jetzt ergeben, was dort an Kriminellen festgehalten wird, an Schleusern. Die zeigen eigentlich, dass das im Moment eben notwendig ist."

CDU wéilt dat da mat Zeréckféierunge kombinéieren.

AfD och fir permanent Grenzkontrollen

De Vertrieder vun der zum Deel als geséchert rietsextremer AFD Partei Boris Schnee, sengersäits fënnt, datt permanent Grenzkontrollen ewéi et se fréier gouf, néideg sinn. 

Allerdéngs gouf et 1995 also virun de Grenzkontrolle vun der Douane 5 Mol manner Grenzgänger:innen déi aus Däitschland op Lëtzebuerg schaffe komm sinn.

Déi Lénk: Grenzkontrolle si keng Mesurë mat där ee Kriminalitéit an de Grëff kritt

Grenzkontrollen un der Lëtzebuerger Grenz bréngen näischt, betount de Matthias Koster vun die Linke.

"Also die Zahlen die da immer genannt werden wieviele Grenzüberschritte durch die Kontrollenn verhindert werden, das sind grösstenteils Leute mit ausgelaufenen Personalausweis die im Prinzip nur den Behördengang verpasst haben."

Fir de Matthias Koster kee Grond, Grenzkontrollen ze maachen, an och keng Mesure, mat där een d‘Kriminalitéit an de Grëff kritt.

Fir BSW maachen dauerhaft Grenzkontrolle kee Sënn

Dat wat d’CDU wéilt maachen, wier souwisou net ëmsetzbar, betount de Léo Miguez vum BSW, dem Bündnis Sahra Wagenknecht. Déi däitsch Grenz verleeft iwwer 3.750 Kilometer a kréich ee mat"„kenger Police vun der Welt" iwwerwaacht.

"Für die paar Menschen, die wir da vielleicht herausfischen, würden wir eher mehr ökonomischen Schaden anrichten und das hat vom Kostennutzen her keinen Sinn."

Bündnis 90/Die Grünen: D'Politik muss mat Emotiounen ëmgoe kënnen

Datt d’Thema Migratioun am aktuelle Kontext esou emotional thematiséiert gëtt wier verständlech. D’Politik muss awer domat ëmgoe kënnen. Dovun ass d’Corinna Rüffer vu Bündnis90/Die Grünen iwwerzeegt.

"Was wir machen müssen, ist, diese Emotionen wieder auf eine sachliche Grundlage zu bringen. Wir müssen Lösungen finden, die tatsächlich dazu geeignet sind, um die Probleme in den Griff zu bekommen."

A wéiwäit d’Wieler:innen an Däitschland hir Meenung just op Grond vun de méi emotiounsräichen Evenementer ausdrécken: D‘Äntwert op déi Fro gëtt et nächste Sonndeg, bei de Bundestagswalen.

Lauschterenplay_arrow