Radioen

On air

De Weekend  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gedenkzeremonie fir d'Affer vum Attentat zu München

Däitschland

Gedenkzeremonie fir d'Affer vum Attentat zu München

Zu München gouf de Méindegowend den Affer vum Attentat vu leschter Woch geduecht. Deelgeholl un der interreliéiser Mass hu Vertrieder:innen aus der Politik an der Gesellschaft, genee wéi och d’Famille vun den Affer a Secouristen.

auto_stories

2 min

© picture alliance / SVEN SIMON | Frank Hoermann / SVEN SIMON
(Foto: picture alliance / SVEN SIMON | Frank Hoermann / SVEN SIMON)

Bei der Attack war en afghanesche Mann mat sengem Auto vun hannen an eng Demonstratioun eragefuer. E Kand a seng Mamm koumen dobäi ëm d'Liewen.

Eng hallef Woch nom Attentat vu München koume Vertrieder:innen aus der ganzer Gesellschaft an der Frauenkirche zesummen. Fir eng ökumenesch Trauerfeier, bei där zwou Käerzen um Altor ugemaach goufen - fir dat zwee Joer alt Hafsa a seng Mamm Amel, déi d'Attack net iwwerlieft hunn.

Eng geckeg Dot géint onschëlleg Mënschen

Wouhi mat der Trauer, mat der Angscht, mat den Zweiwel, huet och de kathoulesche Kardinol Reinhard Marx gefrot. D'Blummen a Käerzen, déi Münchener op der Plaz vum Attentat néiergeluecht hätten, géifen tréischten, sot iwwerdeems de bayreschen evangeelesche Landesbëschof Christian Kopp. Et wier eng geckeg Dot géint onschëlleg Mënsche gewiescht. Ni géif ee vergiessen, zu wéi engem Wansinn Mënsche fäeg wieren. 

Beim Attentat goufen 39 weider Persoune blesséiert, och hinne gouf um Méindegowend geduecht.

Famill vun den Affer wëllt net, datt Doud instrumentaliséiert gëtt

Zwee Deeg no der Attack ware Mamm a Kand un hire Blessure gestuerwen. Hir Famill hat doropshin iwwer d'Süddeutsche Zeitung dorëm gebieden, hiren Doud net ze instrumentaliséieren.

Dorun huet sech eng politesch Partei net gehalen: Déi rietsradikal AfD wollt op der Plaz vum Attentat Blummen néierleeën. E Grupp Géigendemonstranten huet doropshin eng Mënschekette gebilt, fir d'Politiker dovun ofzehalen.