Radioen

On air

De Weekend  |  Daniel Balthasar - Stranger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leschte Walkampfoptrëtt vun Uniounskandidat Friedrich Merz

Bundestagswalen

Leschte Walkampfoptrëtt vun Uniounskandidat Friedrich Merz

De Friedrich Merz hat um Donneschdegowend säi leschte Walkampf-Rendez-vous an der däitscher Haaptstad. De Spëtzekandidat vun der Unioun a grousse Favorit op d'Kanzleramt huet nach eng Kéier betount, net mat der AfD géifen ze koaléieren. Géif hien dat maachen, géif seng Partei alles opginn, fir wat si stéing. Den Optrëtt vum Friedrich Merz gouf och vu Protester begleet.

auto_stories

2 min

De Friedrich Merz op sengem leschte Walkampfoptrëtt zu Berlin | © picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
De Friedrich Merz op sengem leschte Walkampfoptrëtt zu Berlin (Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld)

E puer Dose Leit stounge gëschter Owend an der Keelt an hunn hir Onzefriddenheet mam Friedrich Merz an d'Berliner Loft geruff. Héieren huet den CDU-Chef d'Kritik éischter net: Den EUREF-Campus am Berliner Quartier Schöneberg war wäitleefeg a mat vill Policepresenz ofgespaart.

Datt de Mann, deen déi bescht Chancen huet, den nächsten däitsche Kanzler ze ginn, op dëser Plaz opgetrueden ass, dat war keen Zoufall. Eng Zukunftsplaz wëllt dëse Campus sinn. Hei fuerschen a schaffen iwwer 7.000 Leit zur Energie, Mobilitéit an Nohaltegkeet. De Friedrich Merz huet et sech dann net huele gelooss, selwer och an d'Zukunft ze kucken.

Friedrich Merz widderhëlt: Vott mat AfD war keen Tabubroch

12 Walbezierker huet Berlin. Alleguer d'Berliner CDU-Kandidate waren do. Finalement ass et just ëm dee gaangen, deen d'Partei zeréck an d'Kanzleramt soll féieren. An de Friedrich Merz war beméit kloerzestellen, datt de gemeinsame Vott mat der AfD Enn Januar am Bundestag net en Tabubroch, mee Demokratie gewiescht wier.

Vun enger Koalitioun mat der AfD huet de Friedrich Merz sech och zu Berlin nees ofgegrenzt. Soss huet hie virun allem säi Programm duerchgezunn. D'Wirtschaft nees op d'Bee kréien, d'Bürokratie reduzéieren an natierlech déi illegal Migratioun begrenzen. Ëmmerhin: Och e Bekenntnis, datt eng erfollegräich Integratioun muss en Zil bleiwen.

70 Stonnen

Bei senge Wielerinnen a Wieler spillt déi ganz AfD-Saach keng grouss Roll. De Friedrich Merz punkt duerch seng Konsequenz.

Haut fiert de Friedrich Merz nach a seng Heemecht Nordrhein-Westfalen. E Samschdeg ass dann de grousse Walkampfofschloss vun CDU an CSU zu München. Wann déi 70 Stonnen, vun deenen de Friedrich Merz ëmmer nees geschwat huet, eriwwer sinn - dann ass hien zeréck an der Haaptstad. Gutt méiglech, datt hei e Regierungsoptrag op hie waart.

Union verléiert a Sondagen un Zoustëmmung

Kuerz virun der Bundestagswal e Samschdeg an Däitschland verléiert d'Unioun iwwerdeems an engem neie Sondage un Zoustëmmung. Am Politbarometer vun ZDF kommen CDU an CSU nëmmen nach op 28 Prozent. Dat sinn zwee Punkte manner wéi d'lescht Woch. D'Unioun bleift awer däitlech déi stäerkste Kraaft. Op déi zweet Plaz kënnt am Sondage d'AfD mat 21 Prozent. Dat ass ee Punkt méi wéi d'lescht Woch.

SPD a Bündnis90/Die Grünen leie bei 16 respektiv 14 Prozent. D'Partei Die Linke kéim dem Sondage no mat 8 Prozent sécher an de Bundestag, wärend FDP an d'Bündnis Sahra Wagenknecht mat jeeweils 4,5 Prozent net sécher vertruede wieren.