Och zu Düsseldorf an zu Duisburg ginn an den nächsten Deeg nei Rekordwäerter erwaart. Zu Düsseldorf kéint de Peegel e Freideg op just nach zwee Zentimeter falen. D'Peegelwäerter op de verschiddene Miessstatioune kënnen allerdéngs net direkt matenee verglach ginn, well si verschidden Nullpunkten hunn.
D'Schëfffaart um Rhäin ass weider méiglech, mee d'Frachtschëffer kënnen duerch dat niddregt Waasser just nach däitlech manner Wueren transportéieren.
Fir d'nächst Woch gëtt zwar mat liicht méi héije Waasserstänn gerechent. Eng wierklech Entspanung vun der Situatioun wier dat awer nach net, sot dat zoustännegt Waasser- a Schëfffaartsamt.