arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waasserpeegel am Rhäin kéint op 10 Zentimeter falen - Eng Zweedeelung kënnegt sech un

Niddregwaasser-Period

|
reading time

2 min

Waasserpeegel am Rhäin kéint op 10 Zentimeter falen - Eng Zweedeelung kënnegt sech un

Wéinst der Dréchent an den historeschen Déifstänn vun de Waasserpeegele kéinte Schëffer gläich net méi um Rhäin fueren. Dovunner geet de Bundesverband vun der Däitscher Banneschëfffaart aus. Zu Kaub a Rheinland-Pfalz kéint de Waasserpeegel dës Woch fir d'éischte Kéier ënner 10 Zentimeter falen.

reading time

2 min

De Rhäin | © EPA/RONALD WITTEK
De Rhäin (Foto: EPA/RONALD WITTEK)

De Moie louch en nach bei 17 Zentimeter.

Besonnesch zu Kaub a Rheinland-Pfalz ass de Waasserstand extrem niddreg. De Bundesverband vun der däitscher Banneschëfffaart BDB warnt, datt d’gewerblech Gidder-Schëfffaart do, bei esou niddrege Waasserstänn geschwënn net méi méiglech kéint sinn. De Floss wier domat fir d’Schëfffaart praktesch an zwee gedeelt.

Manner Gidder um Schëff, méi Gidder op de Schinnen an de Stroossen

Doduerch kéinten zwee vunenee getrennte Schëfffaartsgebidder entstoen, esou de BDB. Engersäits géif et de nërdleche Beräich ginn, wou weiderhin tëschent den ARA-Häfen – also Amsterdam, Rotterdam an Antwerpen – bis ongeféier Köln iwwer de Rhäin an dat westdäitscht Kanalgebitt gefuer kéint ginn.

Anerersäits géif et de südleche Beräich ginn. Dozou zielen och d’Nieweflëss Neckar, Musel a Main, souwéi de Main-Donau-Kanal, op deene ka gefuer ginn.

Schonn elo kënnen d’Schëffer manner Charge transportéieren. Dat mécht de Giddertransport méi deier a setzt d’Liwwerketten ënner Drock. Alternativ mussen d’Gidder op d’Strooss oder d’Eisebunn verluecht ginn. Verschidden däitsch Bundeslänner hunn dowéinst schonn d’Sonndes-a Feierdags-Fuerverbuet fir Camionen opgehuewen.

Och Konsequenze fir Lëtzebuerg

Dat kéint awer en Impakt op de Schëffstransport zu Lëtzebuerg hunn.

Viru knapp enger Woch sot de Luxport-Direkter Gilles Braquet nach op eiser Antenn, datt ouni de Rhäin den Hafe Mäertert awer net funktionéiere kéint. Schonn elo kënnen d'Frachtschëffer wéinst dem niddrege Waasserstand just nach en Deel vun hirer normaler Charge transportéieren. Dat féiert zu méi Faarten a méi héije Logistikkäschten.

Entscheedend wier elo, ob an den nächsten Deeg a Woche genuch Ree fält, fir de Waasserstand um Rhäin nees ze stabiliséieren, esou nach déi däitsch Autoritéiten.