Ënner anerem wier et schwiereg, Camions-Chaufferen ze fannen, déi esou schaffe kënnen, a sech gläichzäiteg un d'Aarbechtszäiten ze halen, esou de Gilles Braquet.
Produktioun gëtt schonn erofgedréint
Dobäi kéim, datt d’Capacitéite vun de Camione begrenzt wieren. Den Equivalent vun engem Schëff vun 2.000 Tonne Charge wieren 100 bis 150 Camionen. Dës all esou séier ze aktivéiere fir d’Liwwerketten um lafen ze halen, wier onméiglech, fäert de Gilles Braquet.
“Do ass och e Sonndes-Fuerverbuet ophiewen nëmmen e minimale Schlëssel zu der Léisung. Mir gesinn an Däitschland, datt verschidden Industrien einfach och schonn d'Produktioun erofgedréit hunn. D'Chimieindustrie ass do deelweis op 60 Prozent erofgaang."
D'Versuergung vun de Rohstoffer wäert zeréckgoen.
"Sief dat d'Chimie, sief et d'Kuel, sief et d'Eisenäerz, oder och Schrott zeréck wäert goen a sech deelweis op d'Bunn an op d'Camion verlageren. Mee déi Ressourcë sinn aktuell net onbedéngt vun engem Dag op deen aneren do."
Méiglech Spléckung vum Rhäin net esou dramatesch fir Lëtzebuerg
Fir d’Schëfffaart op der Musel wier eng méiglech Spléckung vum Rhäin an zwee Deeler südlech vu Koblenz bei Kaub wéinst dem niddrege Waasserstand manner dramatesch, erkläert de Direkter vu Luxport.
Well den Uschloss un Amsterdam, Antwerpen a Rotterdam weiderhi bestoe bleiwe géif, wiere senger Aschätzung no just Verschëffungen a Richtung Rumänien an Éisträich betraff. Dës maache momentan nëmme 5 bis 10 Prozent vum Mäerterter Hafen aus.
Well de Rhäin wéinst dem niddrege Waasserstand just mat wéineg Charge befuer ka ginn, bedeit dat och fir d’Musel, datt d’Banneschëffer nëmme mat 20 bis 30 Prozent vun hirer Kapazitéit kënne beluede ginn. D’Musel selwer ass net an engem kriteschen Zoustand, well hire Waasserstand duerch Schleise reguléierte ka ginn.
Impakt an Däitschland wier "riseg"
Wéinst der Situatioun um Rhäin hat den däitsche Bundesverband fir Banneschëfffahrt gëschter Alarm geschloen.
Wirtschaftlech rentabel wier déi aktuell Lag net, esou de Luxport-Direkter. Den eenzege Lëtzebuerger Hafen hätt manner Ëmschlag. De Gilles Braquet rechent dowéinst och um Mäerterter Hafen an dëse Woche mat engem Réckgang vun den Aktivitéiten ëm 20 bis 30 Prozent.
Méi kritesch gesäit d’Situatioun awer an Däitschland selwer aus.
"Dee groussen Effekt ass haaptsächlech d'Industrie an Däitschland. Wann een do och d'Chemieindustrie kuckt, mat Standuerter wéi Ludwigshafen, déi komplett da vun Antwerpen ofgeschnidde wären, ass dat schonn e Riesenimpakt."
De Virdeel vum Hafen zu Mäertert an Zäite vun nidderegem Waasser: En ass trimodal opgestallt. Hei kënnen d’Wueren dowéinst op Camionen an Zich beluede ginn.
"Dat heescht, mir hunn d'Méiglechkeete fir op e Schëff op e Waggon oder op e Camion ëmzestellen. Dat maache mer och nach am Moment. Et sinn einfach Produkter, déi musse mam Schëff fortgoen, sief et duerch d'Längt, sief et duerch d'Tonnage."
Dat géif och nach geschéien.
"Zum Beispill hu mer nach d'nächst Woch dräi Schëffer, déi hei beluede ginn. Et sinn nach zwee Schëffer, déi entluede ginn. Déi aner Produkter, déi ginn da mat der Bunn oder mam Camion verschéckt. An do kënne mer dann och nach de Service oprechterhalen."
Den aktuelle Previsiounen no soll de Waasserstand vum Rhäin de Weekend de niddregste Punkt erreeche woubäi et duerno nees liicht klamme soll. Dat wier awer mat Virsiicht ze genéissen. A bedeit, esou de Gilles Braquet, maximal eng liicht Entschäerfung vun der Situatioun. Entscheedend wieren d’Wiederkonditiounen an de nächste Wochen.