arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Niddregwaasser um Rhäin: Ëmmer méi Bundeslänner hiewe Fuerverbuet fir Camionen op

Däitschland

|
reading time

1 min

Niddregwaasser um Rhäin: Ëmmer méi Bundeslänner hiewe Fuerverbuet fir Camionen op

Wéinst dem historesch niddrege Waasserstand vum Rhäin gëtt an ëmmer méi däitsche Bundeslänner de Fuerverbuet fir Camione sonndes an op Feierdeeg opgehuewen. Och Bayern a Mecklenburg-Vorpommern hunn dat elo decidéiert.

reading time

1 min

Niddregwaasser um Rhäin | © picture alliance / Bonn.digital | Marc John
Niddregwaasser um Rhäin (Foto: picture alliance / Bonn.digital | Marc John)

Leschte Sonndeg haten ënner anerem scho Rheinland-Pfalz an d‘Saarland Camionen och um Sonndeg fuere gelooss. Dat fir Wuerentransporter ze iwwerhuelen, déi normalerweis mat Schëffer iwwer de Rhäin ginn.

Peegelstand vum Rhäin riskéiert op 10 Zentimeter ze falen 

Wéinst der Dréchent sinn d‘Waasserstänn gefall an d‘Schëffer kënnen net méi voll beluede ginn. Vue datt ëmmer nach kee Reen an Aussicht ass, riskéiert den Niveau vum Rhäin dës Woch plazeweis op ënner 10 Zentimeter ze falen. 

Bei esou engem niddrege Waasserstand kënnen Transportschëffer da guer net méi fueren. De Rhäin géif dann an zwee gedeelt ginn, well den Transport iwwer de Floss da guer net méi méiglech wier. Doduerch kéinten zwee vunenee getrennte Gebidder fir d'Schëfffaart entstoen.