arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu staarkem Reen iwwerrascht: Siwe Mënsche sëtzen an enger iwwerschwemmter Höl fest

Laos

|
reading time

1 min

Vu staarkem Reen iwwerrascht: Siwe Mënsche sëtzen an enger iwwerschwemmter Höl fest

Am Laos sinn d'Leit, déi no Gold gesicht hunn, vum staarke Reen iwwerrascht ginn. Dräi konnten der aus der Höl erausschwammen, siwe weiderer gi vermësst.

reading time

1 min

© EPA/METTA THAM KALASIN RESCUE
(Foto: EPA/METTA THAM KALASIN RESCUE)

An Tëschenzäit sinn international Rettungsekippen am Asaz fir ze hëllefen. Et wier schwéier bei déi Vermëssten ze kommen, well se just duerch ee 60 Zentimeeter breeden Tunnel bei d'Höl kommen. 

Et ass onkloer, ob déi siwe Vermëssten nach liewen, well och de Sauerstoff an der Höl kéint knapp ginn.