Bei den organisatoreschen, artisteschen a finanzielle Froen, déi nach ze kläre wieren, missten Äntwerten ze fanne sinn, huet de Regierungschef gemengt.
Lëtzebuerger Musekszeen sollt total mat agebonne ginn
Bei der Participatioun wier d’Visibilitéit vum Land wichteg, an der Lëtzebuerger Museks- a Kulturzeen eng international Plattform ze bidden, huet de Luc Frieden erkläert.
"Duerfir mengen ech, datt dat eng Initiativ ass, déi ee sollt weider positiv begleeden. Ech wëll och all deene felicitéieren, déi an deene leschten dräi Joer zu Lëtzebuerg mat vill Begeeschterung dorun deelgeholl hunn. Dat sinn der jo ganz vill, net nëmmen déi, déi an d'Halleffinall an de Finall komm sinn, mee och all déi aner. An duerfir mengen ech ass dat schonn eng flott Bün."
Hien hätt dem Kulturminister Eric Thill (DP) mat op de Wee ginn, datt déi Lëtzebuerger Zeen total misst agebonne sinn. Et soll ee “Boost” fir Lëtzebuerger Sänger:innen sinn, esou de Luc Frieden.
2024 war Lëtzebuerg no 30 Joer Absence eng éischte Kéier erëm beim ESC mat dobäi. Dëst Joer war déi Lëtzebuerger Kandidatin net an d’Final vum ESC komm. Déi Lëtzebuerger Delegatioun hat sech no der Eliminatioun och dofir ausgeschwat, d'nächst Joer nees deel ze huelen.