arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ WHO warnt: Israel hënnert Spideeler a Palästina drun, normal ze funktionéieren

WHO

|
reading time

1 min

WHO warnt: Israel hënnert Spideeler a Palästina drun, normal ze funktionéieren

53 Prozent vun de Spideeler wieren zwar a Betrib, mee kéinten nëmmen zum Deel funktionéieren. Dat géif virun allem dru leien, datt d'Spideeler mat engem kritesche Manktem u Medikamenter a medezineschem Material konfrontéiert wieren.

reading time

1 min

© EPA/WAEL HAMZEH
(Foto: EPA/WAEL HAMZEH)

Dat géif dru leien, datt Israel verschidde medezinesch Gidder mat engem duebele Verwendungszweck géif astufen an da kéinten se net importéiert ginn, esou d'Weltgesondheetsorganisatioun. 

Der WHO no géifen den Ament iwwer 43 Dausend Mënschen a Gaza op eng Reha, op Protheesen oder aner Hëllefsmëttel waarden.