Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Investitioune fir d'Defense plangt Lëtzebuerg?

Verdeedegung a Wirtschaft

Wéi eng Investitioune fir d'Defense plangt Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg muss seng Verdeedegungsausgaben an den nächste Jore vervéierfachen: Wat ass geplangt? 

auto_stories

2 min

headphones

8 min

Yuriko Backes, Verdeedegungsministerin | © Morgane Weidig play_arrow
Yuriko Backes, Verdeedegungsministerin (Foto: Morgane Weidig)

Virun 8 Deeg war d’Welt nach eng aner. Leschte Freide koum et zu engem Eclat am Wäissen Haus, bei deem den US-President Donald Trump den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj als Diktator vernannt huet an him virgeworf huet, hie wier net dankbar genuch fir d’US-Hëllefen. Dat huet weltwäit Diskussiounen iwwer de Finanzement fir d’Verdeedegung ausgeléist.

Um Spezial-EU-Sommet den Donneschde gouf decidéiert massiv an d’Verdeedegung ze investéieren.

Lëtzebuerg huet an deem Kontext nach e wäite Wee ze maachen. Eppes wat jiddereen aus dem Krich an der Ukrain geléiert hätt, wier datt een op Loftofwier misst setzen, seet d’Yuriko Backes.

No enger EU-Direktiv misst Lëtzebuerg 2 Prozent vum PNB an d’Defense investéieren. Do wier een haut schonn driwwer, seet Ressortministesch. Lëtzebuerg kéint sech awer och un internationalen Investissementer bedeelegen. Sou investéiert Lëtzebuerg zum Beispill an Estland an eng Fligerpist.

An de leschten 10 Joer hätt Lëtzebuerg säi Budget fir d’Verdeedegung verdräifacht, fir op déi 2 Prozent ze kommen. 

D’Yuriko Backes ass iwwerdeems der Meenung, datt Russland an der Ukrain net wäert stoppen, datt een d’Ukrain weiderhi muss ënnerstëtzen an datt een e “grave Moment an der Geschicht” géif erliewen.

Lauschtert de ganzen Interview mat der Yuriko Backesplay_arrow