Et goung och dës Kéier iwwert den USA hir Propose fir e Waffestëllstand an der Ukrain. Iwwert den Inhalt vum Gespréich gouf et duerno awer keng Detailer.
Den US President Donald Trump huet sech frustréiert mat Russland gewisen. Hien huet gëscht nach emol probéiert, de Wladimir Putin ënnert Drock ze setzen. Russland misst Beweegung an d‘Verhandlunge fir e Waffestëllstand an der Ukrain brénge fir datt de Krich op en Enn ka goen, esou den Donald Trump.
Verhandlungen am Oman iwwer iraneschen Atomprogramm
Haut, Samschdeg, ass de Steve Witkoff dann am Oman. Dat fir d‘Verhandlungen tëscht Washington an Teheran iwwert den iraneschen Atomprogramm. Am Oman komme Vertrieder aus béide Länner zesummen, dorënner eben den US-Spezialemissär Steve Witkoff an den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi.
Et wieren awer keng direkt Verhandlungen, seet den Iran. D‘Gespréicher géifen indirekt iwwert e Mediateur geféiert ginn. Et sinn déi éischt Gespréicher iwwer den iraneschen Atomprogramm op deem Niveau zanter datt d‘USA sech 2018 aus dem nuklearen Accord mam Iran zréck gezunn haten.