Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Billie Marten - Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump annoncéiert Ausname fir Douanestariffer

Handelskrich tëscht China an USA

Donald Trump annoncéiert Ausname fir Douanestariffer

Am Handelskrich mat China huet den US President Donald Trump seng Positioun geännert. Hien huet eng Ausnam annoncéiert fir Smartphonen, Computeren an aner elektronesch Produiten.

auto_stories

1 min

Den Donald Trump op enger Pressekonferenz den 7. Februar 2025 | © picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP
Den Donald Trump op enger Pressekonferenz den 7. Februar 2025 (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP)

Déi wieren net vun den extra Douanestariffer vun 145 Prozent op chineeseschen Importer betraff, esou den Donald Trump. Hie géif muer, Méindeg weider Detailer dozou ginn.

Dës Ausnam betrëfft ënner anerem déi grouss Tech-Firmen Apple a Microsoft. Apple produzéiert 80 Prozent vu senge Smartphonë fir den amerikanesche Maart a China. Duerch déi nei Import-Taxe war gefaart ginn, dass Iphones vun Apple an den USA vill méi deier kéinte ginn.