Radioen

On air

Moiesstudio  |  Wéi vill archeologesch Schätz ginn et zu Lëtzebuerg?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Ausseminister irritéiert an enger Fernseeusprooch

Grousst schwaarzt Kräiz op der Stier 

US-Ausseminister irritéiert an enger Fernseeusprooch

Den US-Ausseminister Marco Rubio sot an engem Interview mat Fox News, de Krich an der Ukrain wier e Stellvertriederkrich tëschent Atommuechten, den USA, déi d‘Ukrain ënnerstëtzt hunn, a Russland, dee misst op en Enn bruecht ginn. 

auto_stories

1 min

Den US-Ausseminister Marco Rubio an enger Fernseeusprooch op Fox News
Den US-Ausseminister Marco Rubio an enger Fernseeusprooch op Fox News

De Marco Rubio gëtt kritiséiert, well hien hei de Wording vu Russland iwwerhëlt. Am Fernseeinterview irritéiert de Rubio och, well hien e grouss schwaarzt Kräiz op der Stier huet. Verschiddener gesinn doranner russescher Propaganda, anerer denken, dëst Kräiz wier vun Äschermëttwoch, wou déi Gleeweg esou e Kräiz op d‘Stier kréien. De Rubio gëtt vun der reliéiser Communautéit gefeiert, well hien sech géif trauen, seng Relioun ze affichéieren.

Weider russesch Ugrëff op d'Ukrain

Déi ukrainesch Energieinfrastruktur gouf hënt nees massiv mat russesche Rakéiten an Dronen attackéiert. 58 Rakéiten an 194 Drone wieren dobäi agesat ginn. Fir d‘éischte Kéier huet d‘Ukrain och franséisch Mirage-Kampfjetten agesat fir dës Attacken ofzewieren.

Um Dënschdeg sollen iwwerdeems amerikanesch an ukrainesch Delegatiounen a Saudi-Arabien zesummekommen. Iwwerdeems sollen en Dënschdeg Vertrieder vun de fënnef groussen europäesche Militärmuechte Frankräich, Däitschland, Italien, Polen a Groussbritannien zu Paräis zesummekommen. 

Do soll d‘Militärënnerstëtzung fir d‘Ukrain koordinéiert ginn.